
Ënner 14 Museken huet sech d'Monnerecher Musek an der 3. Divisioun fir Harmonieorchesteren déi 4. Plaz beim World Music Contest zu Kerkrade geséchert. Si krute fir hiren Optrëtt vun 30 Minutten 91,44 vu méiglechen 100 Punkten.

Opgetruede si si mat de Wierker "Evolutions for Winds" vum Lëtzebuerger Komponist Marco Pütz, wat hiert Flichtstéck war, wéi och "Flashing Winds" vum Jan van der Roost a "Moving Heaven an Earth" vum Philip Sparke. Den Optrëtt war e Sonndeg de Mëtteg um 15 Auer am Theater vu Kerkrade.