Am musikalesche Gepäck hat hien nei Lidder, ma natierlech och déi gréissten Hits aus senger Karriär. Mat der aktueller Tour feiert de Museker den 20. Jubiläum vu sengem Nummer-1-Debutalbum “Undiscovered”.
"Et ass fantastesch, dass dee mech esou wäit bruecht huet. Ech kann et ëmmer nach net gleewen. Anersäits maachen ech dat lo sou laang, dass ech dru gewinnt sinn, mee ech sinn ëmmer nach dankbar. Et ass ëmmer nach all Dag e Seege fir mech. Ech hat vill Aarbechten, déi net ganz flott waren. Als Bréifdréier sinn ech oft vun Hënn gebass ginn, ech hunn Autoe gebotzt... ech hu ganz vill Saache gemaach. Ech si wierklech stolz dorobber, dass ech eppes, wat ech sou gär hunn, als Beruff ka maachen."
Iwwer all déi Joren huet de Museker seng Schwächten a Stäerkte ganz gutt kennegeléiert a virun allem huet hie geléiert op seng Instinkter a säi Bauchgefill ze vertrauen - perséinlech, wéi och musikalesch.
"Wann ech zum Beispill eppes schreiwen an ech denken: " uh, dat ass gutt!", da probéieren ech net ze vill nozedenken an deem einfach säi Laf ze loossen. Wat sou schéin ass um Kënschtler-Sinn, wann s de scho vill Lidder gemaach hues, ass, dass de ufänke kanns, d’Lücken ze fëllen. Du héiers, wat s de virdrun nach net gemaach has an do probéiers de dann drop opzebauen an dann hues de vill méi e grousst Gesamtwierk. Dat ass dat, wat mir haut am meeschte Spaass mécht: ze kucken, wat ech nach net gemaach hunn, wat ech nach net probéiert hunn an da meng ganz eege Versioun dovunner ze kreéieren."
Am Oktober d’lescht Joer hat de Museker säi siwente Studio Album "Fight Another Day" erausbruecht. En immens perséinlechen an emotionalen Album, un deem hien dräi Joer laang geschafft hat. Aktuell freet hie sech dorobber, fir no senger Jubiläumstour endlech nees Zäit ze hunn, fir nei Lidder fir ee ganz besonneschen neien Album schreiwen ze kënnen.