Rock am Gaart – zu KeespeltMiriam Mailliet: “Mir deelen eis zu véier Noperen ee grousse Gaart”

Rosa Clemente
Keng Zénk, dofir awer vill Fräiheet fir sech ze beweegen. E Mëttwoch den Owend ass de  “Rock am Gaart Studio” zu Keespelt beim Miriam a Misch Mailliet.

Eng Piscine, een Zeebra, Beien, eng grouss Trauerweiden an de Bësch direkt niewendrun. Bei de Mailliet’s zu Keespelt am Gaart huet ee Plaz an eppes ze kucken. Ma et ass virun allem de Fait, datt do keen een Zonk steet, fir de Gaart vun den Noperen hiren ze trennen, wat besonnesch ass.

“Mir hu mat véier Noperen esou decidéiert. An dat klappt ganz gutt esou, mir si frou keng Grenzen hei ze hunn”, sou d'Miriam Mailliet. Zesummen hunn d'Noperen also ee grousse Gaart, op deem een ouni Probleem e klenge Futtballsmatch kéint spillen.

Eenzegaarteg Owender mat Live-Bands an aussergewéinleche Privatgäert am Land: vum 28. Juli bis den 31. Juli stelle mir an der Serie "Rock am Gaart" eise Magazin-Studio a véier ausgewielte Gäert op, a sende vun do aus live, allkéiers direkt nom Journal op der Tëlee.

Back to Top
CIM LOGO