
De 26. Juni 2027 verwandelt sech de Shared Space zu Bartreng erëm an e Festival mat nationalen an internationalen Artisten. Nodeems zu Bartreng an de leschte Joer scho Kënschtler wéi d'No Angels, d'Sportfreunde Stiller, Purple Disco Machine, Dreamcatcher, Max Giesinger, Alice Merton a Schëppe Siwen opgetruede sinn, dierf ee sech d'nächst Joer op d'Techno-Marching-Band MEUTE vun Hamburg freeën.
D'Tickete sinn elo schonn op der offizieller Säit vum Atelier ze kréien.
