Konschtpräis 2026 an Ausstellung am NationalmuséeSimone Decker gëtt fir hiert Liewenswierk ausgezeechent

Claudia Kollwelter
De Konschtpräis 2026 geet un d'zäitgenëssesch Kënschtlerin Simone Decker fir hiert Liewenswierk. D'Artistin kritt de Präis e Mëttwoch den Owend am Nationalmusée um Fëschmaart iwwerreecht. Domat verbonnen ass och eng Ausstellung.
© © MCULT

Mam Konschtpräis, dee mat 10.000 Euro dotéiert ass, gëtt d'Liewenswierk vun der Simone Decker gewierdegt. Mat der Expo kréien och d'Visiteuren en Abléck an de ganz villfältegen, humorvollen a poeteschen Universum vun der Kënschtlerin.

Fir säin eegent Liewenswierk ausgezeechent ze ginn als Kënschtlerin ass fir d'Simone Decker eng grouss Éier, dat wier guer keng Fro. Et wier awer an engems eng ganz schéi Geleeënheet gewiescht déi lescht Méint déi eege Wierker aus ëmmerhin dräi Joerzéngten duerchzekucken:

"Do sinn ech och op Saache gestouss wou ech net méi wousst, dass et se iwwerhaapt géing ginn an dass et se nach géing ginn, et ass awer alles a Këschte verpak. D'Këschten an d'Dossiere sinn zwar verstreet mee et ass alles do an ech hu mer déi Méiglechkeet geholl nach eng Kéier alles duerch ze goen."

D'Simone Decker gehéiert zu enger vun den éischte Lëtzebuerger Kënschtlerinnen, déi den ëffentleche Raum konsequent als Feld vun der kënschtlerescher Froestellung genotzt huet betount d'Presidentin vum Jury vum Konschtpräis Jamie Armstrong:

"Hir Installatiounen, Skulpturen a fotografesch Aarbechten hannerfroen eis Relatioun zu eiser gebauter an natierlecher Ëmwelt. Mat subtillen Interventiounen, Verschibunge vu Proportiounen, onerwaarte Materialien a Gesten, geléngt et hir eis Perceptioun vum Alldag ze hannerfroe voir ze irritéieren an eis Perspektiven opzemaachen."

Den Dialog tëscht der Sammlung vum Nationalmusée an der eegener zäitgenëssescher Konscht sichen, dat huet d'Simone Decker versicht bei der Auswiel vu 15 Interventiounen, déi een duerch dat ganzt Gebai verdeelt entdecke kann. Iwwer déi lescht Méint huet si sech selwer mat hirem Liewenswierk auserneegesat an ass domat am Kapp ëmmer erëm duerch de Musée gaangen an huet sech eng Partie Froe gestallt:

"Wou kéint do eng Korrespondenz, wou kéint en Dialog, wou kéint en Austausch entstoen? Fir dat wat do ass ganz an Éieren ze halen awer nach eng Kéier eppes Klenges, e klengen Tüpfelchen, eng kleng Kusch drop ze setzen an och ze weisen hei, dat ass zwar alles al mee et ass awer och zimmlech aktuell alles an et kritt och alles erëm eng nei Aktualitéit."

Fir d'Kënschtlerin selwer wier et wéi eng Bestandsopnam vun hiren eegene Wierker:

"An déi ech nimools gemaach hätt, wann ech elo net déi Auszeechnung hei kritt hätt. Dat heescht et ass ganz schéin heiansdo och obligéiert ze sinn, ze kucke wat ee gemaach huet. An dann erauszekucken an déi nächst 30 Joer, mol kucke wat ech da maachen. Ech hoffen nach verschidden Aventuren."

Méi iwwert d'Ausstellung déi nach bis Ufank Mäerz leeft, fannt Dir um Site vum Konschtpräis 2026.

Back to Top
CIM LOGO