
1996 gouf d'Federatioun mam Zil gegrënnt, d'Lëtzebuerger Theater an Danzzeen ze representéieren, hir Interessen no baussen ze vertrieden an den Austausch tëschent hire Memberen an dem Public ze fërderen. An deene leschten 30 Joer wier laut dem aktuelle President Sascha Dahm vill geschitt. D'Theaterfederatioun hätt sech zum Beispill fir e Kënschtlerstatut agesat an den "Intermittent du Spectacle" op Lëtzebuerg bruecht. E Samschdeg soll dee ronne Gebuertsdag gefeiert ginn.
"Mir feieren do muer gär mam Public, well en Theater ganz ouni Public, dat gëtt et net. Dofir hu mer geduecht, da musse mer eppes maachen, fir och mat de Leit ze feieren. Dofir hu mir eis e ganzen Dag iwwerluecht, wou fir jiddereen eppes dobäi ass. Fir déi Grouss, fir déi Kleng, fir d'Famill. Atelieren, Performancen, Workshoppen, Theater, Danz. Also déi ganz Panoplie vun eiser Zeen. Muer an engem Dag vu mëttes 13 Auer un an der Banannefabrik."
Méi konkret kritt een e Samschdeg um Gebuertsdagsfest zum Beispill en Extrait aus dem Projet "Entre Deux Corps" vum Ensembel blanContact ze gesinn, en Extrait aus dem Eddi van Tsui sengem "Du Pain et des Jeux", et gëtt eng Master Class mam Sophie Meyer fir Erwuessener iwwert d'Kreatioun vu Kostümer ugebueden an den Giovanni Zazzera danzt. Dat si natierlech nëmmen e puer vun den Aktivitéiten. Dee komplette Programm fannt Dir um Internetsite vun der Theaterfederatioun.
D'Theaterzeen zu Lëtzebuerg geet awer méi wäit zeréck wéi 30 Joer. An de 60er a 70er Jore sinn déi éischt kleng Ensembelen, wéi den TOL, den Theâtre du Centaure, oder de Kasemattentheater gegrënnt ginn an am Kulturjoer 1995 si vill weider Gruppen, wéi den ILL, oder MASKéNADA dobäi komm. D'Lëtzebuerger Theaterlandschaft wier genee esou divers, wéi d'Gesellschaft am Grand-Duché, esou de Sascha Dahm an och an et soll och Zukunft an Zukunft esou weider goen.
"Mir hu vill Acquisen erreecht an et ass och wichteg, dass mer déi halen. Dat ass mir dee wichtegste Wonsch, dass mir d'Haiser, d'Produzenten an awer och eise Secteur weiderhi kënne professionaliséieren an dass mer e weiderhin esou kënnen opstellen, dass mir déi richteg Profiller fannen an eise Projet u jidderee kënne bréngen. Un déi Communautéiten, déi zu Lëtzebuerg wunnen, un de Public, dee mir elo hunn an awer och un déi Jonk. Wa mir déi Jonk elo net catchen, da verléiere mir si fir d'Zukunft."
E Samschdeg vun 13 Auer bis an den Owend era gëtt dann also deen 30. Gebuertsdag vun der Theaterfederatioun gefeiert, dat an der Bannanefabrik zu Bouneweg.