Summershows 2027Wéi eng Artiste sinn d'nächst Joer um Luxexpo Open Air oder an der Abtei Neimënster?

Bob Konsbruck
An de leschte Wochen an Deeg huet Den Atelier an de soziale Reseauen op hir Concerte vum nächste Joer higewisen. RTL huet mat KI probéiert Äntwerten ze fannen.
© Steve Muller

Sécher ass jo mol datt Take That de 7. Juli 2027 an der Abtei Neimënster optrieden an The Neighbourhood de 5. Juli 2027 um Luxexpo Open Air. Nodeems Den Atelier bei de leschte Posts iwwer d'Summershows ëmmer nees den Dinosaurier-Emoji 🦖 matgeschéckt huet, sinn haut zwou Grafike publizéiert ginn op där dann och en Dinosaurier, oder en Draach ze gesinn ass. Grond fir ze spekuléieren an och d'KI ze froen ob do net schonn deen een aneren Artist dra verstoppt ass.

© Den Atelier
© Den Atelier

Resultat vun der Zesummenaarbecht mat kënschtlecher Intelligenz:

Imagine Dragons, Muse, The Flaming Lips, Foo Fighters, Arcade Fire, Gojira an The Hives.

A wat mengt Dir?

De 17. November 2026 ass iwwregens eng Pressekonferenz vum Atelier fir iwwer d'Concerten d'nächst Joer z'informéieren.

Back to Top
CIM LOGO