Dës Woch am Passepartout: Eng nei Theaterproduktioun, e Chanson-Duo, Danz a Poppespill, eng Expo op enger ongewéinlecher Plaz an e Mann, deen an eng bekannte Lëtzebuerger Statue verléift ass.
De Kuerzfilm “Agalmatophilie” erzielt d’Geschicht vun engem Mann, deen eng sexuell an emotional Bindung zu der Gëlle Fra huet.
An der Rubrik 90 Sekonne weise mir en Extrait vum Monolog “Genuch ze dinn”. D’Expo COEXIST weist an engem Familljenhaus d’Wierker vun Artisten vu Lëtzebuerg an aus dem Ausland.
D’Choreografin Jill Crovisier presentéiert hir neiste Kreatioun, an där Danz a Poppespill openeentreffen a mir haten de Chanson-Duo “C’est la vie” am Interview.