Vum Kierchbierg bis op d'Gare. De Parcours vum Art Walk 2026 streckt sech iwwer ronn 3 Kilometer an huet am ganzen 20 Konschtwierker vun nationalen an internationalen Artisten ze bidden.
Am Park Dräi Eechelen, wou de Parcours offiziell lass geet, stinn zwou Skulpturen. Eng vum Carl Valverde an eng vum Marco Godinho. D'Direktesch vun der Luxembourg Art Week Mélanie de Jamblinne erzielt:
"D'Skulptur vum Marco Godinho gouf fir d'éischt am Kader vun der LUGA gewisen. Dat si Kënschtler Protokollen, déi hien iwwerduecht huet, mat jeeweils engem klenge poeetesche Message drop. Et ass eng Invitatioun, fir dass d'Leit, wa se hei sinn, mat hire Sënner an hirer Imaginatioun kënne meditéieren. Et ass och geduecht, fir eng Reflexioun iwwert d'Zäit an d'Natur ze maachen."
Natierlech kann een de Parcours esou maache wéi ee Loscht huet. Mat der informativer Kaart, déi een a verschiddene Muséeën, Galerien, oder och Caféë kritt an och als online Versioun um Internet ze fannen ass, gesäit ee wou wéi eng Skulpturen oder Kapselen ze fanne sinn an et kritt een och nach weider Informatiounen iwwert déi 11. Editioun vun der Luxembourg Art Week, esou wéi d'Nimm vun de Lëtzebuerger Galerien, déi vum 20. bis 22. November am groussen Zelt um Glacis ausstellen.
Nieft de Skulpturen huet den Art Walk zanter 3 Joer och Kapselen ze bidden. Dës sinn eidel Geschäftsvitrinnen, déi duerch Konscht nei belieft ginn. De Lëtzebuerger Pascal Piron huet zum Beispill eng Installatioun op der Gare, déi sech mat der Domiciliatioun vu Firmen am Grand-Duché beschäftegt. D'Mélanie de Jamblinne:
"De Pascal Piron huet eng interaktiv Installatioun gemaach. En huet e Wierk doriwwer gemaach, dass ech zu Lëtzebuerg eng Firma bei enger Adress domiciliéiere kann, ouni wierklech do ze sinn. Et gi ganz vill Firmen, déi zesummen op där nämmlechter Adress ugemellt si mee wann een eng Adress sicht, kann een net erausfannen, wéi eng Firmen do sinn. Et muss een dofir duerch all d'Firme goen, fir erauszefannen, wéi se verbonne sinn. D'Konschtwierk ass doriwwer. Eng Maschinn schreift all d'Nimm vun all de Firme mat där nämmlechter Adress op an d'Blieder ginn dann hei presentéiert. Dat weist och, dass dat Ganzt net transparent ass an de Prozess ganz schwéier ass fir erauszefannen wéi eng Firma zu Lëtzebuerg domiciliéiert ass."
Bis den 22. November kann een den Art Walk nach kucke goen. De Parcours, esou wéi d'Kaart si gratis. Den 21. November gëtt et op der Tëlee ausserdeem e Passepartout-Spezial iwwert d'Luxembourg Art Week.