
Och dëst Joer kommen d'Fans vu Musek a Kultur nees bei Open-Air-Concerten, Ausstellungen, Theateropféierungen an enger Rei anere kulturellen an touristeschen Offeren op hir Käschten.
Ënner anerem gi guidéiert Visitten duerch d'Bock- an d'Péitruss-Kasematten organiséiert a vum 12. Juni bis den 18. September kann een de groussherzogleche Palais besichtegen.
D'Musekfans kommen da bei der Fête de la musique vum 12. bis de 14. Juni a bei de Concerten, déi am Kader vu "Plëss in Concert" tëscht dem 12. Juni an dem 6. September op der Plëss gespillt ginn, op hir Käschten.