LSC-Kandidaten am PortraitWie sinn de Steve Castile an d’Eva Marija?

Julie Thilges
De Steve Castile an d’Eva Marija sinn zwee vun den aacht Finaliste vun der drëtter Editioun vum Luxembourg Song Contest – am Portrait stelle mir déi zwee privat vir.
D'Eva Marija an de Steve Castile am Portrait
Aacht Kandidaten hu sech dëst Joer am Casting duerchgesat an trieden Enn Januar beim Luxembourg Song Contest un – an zwee dovunner léiere mir elo kennen.

Eng Léift, déi net gutt deet

De Steve Castile, 28 Joer, mécht e Master an der Mediekulturfuerschung op der Uni zu Freiburg im Breisgau. D’Musek ass seng Passioun, an déi begleet hie scho laang.

Seng musikalesch Rees huet mat enger App um iPod Touch ugefaangen, wou hien um klengen Ecran konnt Piano spillen. Lues a lues koumen da richteg Instrumenter dobäi, ewéi d’Gittar oder de Keyboard.

Awer jorelaang huet de Steve net gesongen: “Well ech geduecht hunn, ech kéint net sangen.” Mat der Zäit huet hien awer seng Stëmm fonnt a seng eege Lidder si komm.

De Steve Castile
© Pedro Venâncio

Fir d’Ausdauer op der Bün ze trainéiere kruten d’Kandidate vun de Coachen am Workshop geroden, hiert Lidd beim Lafen ze sangen. De Steve ass scho fënnef Marathone matgelaf, huet och probéiert, de Rotschlo vun de Coachen ëmzesetzen: “Mee dat ass eng Katastroph, da kucken d’Leit dech esou komesch. Virun allem mäi Lidd, dat ass e bësse méi mat Schmackes. Mee ech probéieren dat duerchzesetzen, wat si eis uroden.”

A sengem Lidd séngt de Steve iwwert eng obsessiv Léift, déi net gutt deet. Geschriwwe gouf et am Rocklab Songwriting Camp.

Iwwert d’Natur an d’Spillen an der Natur

D’Eva Marija ass mat hiren 20 Joer déi jéngst vun de Kandidaten an trëtt mat hirem Lidd “Mother Nature” un. Aktuell ass si am leschte Joer vum Bachelor am Songwriting zu London. An England an zu Lëtzebuerg trëtt si reegelméisseg a Caféen op.

D’Eva huet sloweenesch Wuerzelen, ass awer zu Lëtzebuerg opgewuess an an d’Schoul gaangen. Mat hirer Famill mécht si dacks Musek, andeems si all als kleng Chorale zesumme sangen. Jidderee spillt och op d’mannst een Instrument a fir d’Eva war et vu Klengem u kloer, dass si wéilt Musek maachen.

Hir Passioun ass erwächt am Alter vun dräi Joer, wéi si mat der Famill d’Eurovisioun gekuckt huet an den Alexander Rybak opgetrueden ass. Do wousst d’Eva, si wéilt Gei léieren.

Hiert Zil ass, professionell Musek ze maachen: “Ganz éierlech, virun allem hunn ech gär, wann ech kann optrieden. Ech wéilt och gär u mengem eegene Projet weiderschaffen, a wierklech Zäit fannen, meng eegen Albumen ze schreiwen. Ech sinn esou gär op der Bün, vläicht kéint ech op Tournée goen. Ech schreiwen immens gär Lidder, souwuel fir mech selwer, ewéi och fir anerer.”

Weider denkt si dru kënne Kueren ze ginn oder Gei fir aner Museker ze spillen, sief et fir Opnamen oder live Optrëtter.


Back to Top
CIM LOGO