
Lescht Woch krut den Auteur Francis Kirps de Servais-Präis iwwerreecht an enger klenger Zeremonie am Literaturzenter zu Miersch. “An aller Stëllt”, wéi d’Presidentin vun der Fondation Servais Germaine Goetzinger et genannt huet.
Dat gëllt awer net fir säin ausgezeechent Wierk “Die Mutationen” iwwer dat vill geschriwwen a geschwat ginn ass. Nieft dem Servais-Präis, krut hien och nach den Europäesche Literaturpräis a steet op der Shortlëscht fir de Buchpräis.
D’Christiane Kremer huet de Francis Kirps am Café des Tramways begéint a mat him emol iwwer alles geschwat, wat virum Servais-Präis war a wat dono kënnt. Et geet deemno ëm Poetry Slam, Sproochen, Dinosaurier an “Eber im Nebel”.
Fir “Die Mutationen” krut de Francis Kirps schonn zwee Literatur-Präisser. Hien erzielt iwwer Poetry Slam, Sproochen, Psychologie an “Eber im Nebel”.
Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op rtl.lu an als Podcast op Spotify an iTunes.

Podpurri - Episod 8: Pascal SchumacherPodpurri - Episod 7: Susanne JaspersPodpurri - Episod 6: René PenningPodpurri - Episod 5 “Nickel Bösenberg”Podpurri - Episod 4 “Anne Mélan”Podpurri - Episod 3 “Gintare Parulyte”Podpurri - Episod 2 “Carole Lorang”