Bei „Kichegerabbels“, dem neien inklusive Projet vu Kamerata a Koplabunz, erwächt eng Kichen, mat all hiren Elementer, wuertwiertlech zum Liewen a gëtt dobäi musikalesch ënnerluecht.
„Kichegerabbels“ baséiert um tschechesche Komponist Bohuslav Martinů sengem Ballet „La revue de cuisine“, an deem et och zum Deel ëm Kiche geet. Ballet gëtt awer hei kee gedanzt, ma d’Betsy Dentzer, déi als Solo-Performerin op der Bün weist, wéi ee gefëllte Croissante béckt, ënnerhält de Public awer ronn eng Stonn laang mat lëschtege Spillereien, déi déi ënnerschiddlechst Objeten a Liewensmëttel aus der Kichen zum Liewen erwäche loossen. Nëss fänken opeemol un an der Luucht ze schwiewen, e Läffel réiert selwer an der Pan an de Bliederdeeg fir d’Croissante flitt als Mound duerch de Sall.
Fir Kamerata a Kopla Bunz war et mat „Kichegerabbels“ besonnesch wichteg, eng inklusiv Produktioun op d’Been ze stellen, déi fir all Alter a virun allem och fir Mënsche mat enger geeschteger Aschränkung geduecht ass. Et géif oft vergiess ginn, dass net jiddereen déi nämmlecht Uspréch un den Theater, Concerten a Co. huet an dofir wollt een dat bei dëser Produktioun anescht maachen.
Dofir gëtt hei eng sougenannte „relaxed Performance“ ugebueden, déi de Visiteure méi Fräiraum loosse soll, sech esou am Sall ze placéieren a beweegen ze kënnen, wéi ee wëllt. D’Luuchte ginn net ganz aus am Sall, esou dass ee seng Begleetpersoun einfach erëm fënnt, d’Spectateure kënne um Buedem, op Still oder op Kësse sëtzen, ronderëm trëppelen, danzen a kréie souguer Stressbäll, oder Noise-cancelling-Kopfhörer zur Verfügung gestallt, fir d’Erliefnis esou angeneem wéi méiglech ze maachen.
Et kann awer och soss jiddereen, dee „Kichegerabbels“ gär wëll kucke goen, op eng vun den zwou Virstellungen am Trifolion zu Iechternach kommen. Nieft der „relaxed Performance“ gëtt och eng standardiséiert Virstellung ugebueden.
De 25. a 26. Mäerz gëtt „Kichegerabbels“ am Trifolion gewisen. D’Stéck soll awer an der nächster Saison och am Cube521, dem Escher Theater an am Kinneksbond gespillt ginn.