Valentiny FoundationD'Expo "De la vertu du ridicule" vum Marc Graas

Isabelle Gillen
De Marc Graas schafft haaptberufflech als Psychiater an ass a senger Fräizäit zënter ronn fënnef Joer als Kënschtler aktiv. A senger neier Ausstellung "De la vertu du ridicule" an der Valentiny Foundation presentéiert hien elo 36 Biller a sechs Skulpturen aus de leschte Joren.

Et sinn humorvoll, faarweg an zum Deel surrealistesch Biller, mat Mënschen, Déieren oder Gebaier drop, déi de Marc Graas nieft enger Rei roude Skulpturen e Sonndeg um Vernissage an der Valentiny Foundatioun presentéiert huet. De Kënschtler huet sech iwwert d'Jore schonn a verschiddene kulturellen Hobbyen ausprobéiert an huet den Interessi fir d'Konscht vu sengem Papp geierft.

"D'Konscht ass e bësse bei eis an der Famill. Mäi Papp war grousse Moler an ech hu mech eigentlech ni getraut, ze molen, eréischt bis dass en net méi do war. Haut deet dat mir leed, well ech kéint haut vill mat ëm driwwer schwätzen a virdrun hunn ech e bësse sou Romaner geschriwwen, mee mole maachen ech eréischt säit fënnef, sechs Joer", sou de Marc Graas.

Als Psychiater géif ee mat vill Leed a Verbindung kommen, erzielt de Marc Graas, a seng Aarbecht wier et, d'Leit vun Zäit zu Zäit zum Laachen ze bréngen. Déi Freed u senger Aarbecht, fir de Leit kënnen ze hëllefen, verschafft hien och a senge Biller.

Et ass him wichteg, dass een d'Liewen net ëmmer esou eescht hëlt. Den Titel vun der Ausstellung, "De la vertu du ridicule", soll ausdrécken, dass et net schlëmm ass lächerlech ze sinn.

"Ech fannen, dass dat Lächerlecht och e Virdeel huet, well wann ee bis eng Kéier lächerlech ass, dann ass een och fräi", erkläert de Marc Graas.

Beim Mole kann hie Stress ofbauen an an aner Welten andauchen. Hie moolt haaptsächlecht mat Kräid an Acryl a probéiert a senge Wierker dat ze representéieren, wat hien un der Aktualitéit beschäftegt.

Déi meescht Iddien entstinn awer spontan an ouni eng weider Iwwerleeung hannendrun.

D'Expo "De la vertu du ridicule" vum Marc Graas ass bis den 21. Juni an der Valentiny Foundation ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO