D’Irem huet 24 Joer, huet schonn e Bachelor an der Astrophysik an der Täsch a mécht elo e Master an der Physik zu Wien. Schonn als Kand hat et e klore Plang, wat et emol wéilt a sengem Liewe maachen. “Vu klengem un hunn ech ëmmer gesot, ech wéilt Sängerin an Astronautin ginn.” Haut ass de Wonsch en aneren, mee de Weltraum bleift hir grouss Passioun: “Ech weess net, ob ech elo nach ëmmer Astronautin wéilt ginn, mee Space ass awer mega interessant an ech wéilt gären an deem Beräich iergendwann schaffen oder Recherche maachen.”

An der Lëtzebuerger Musekszeen ass d’Irem scho laang keng Onbekannt méi. Si hat schonn e ganze Koup Optrëtter. De Luxembourg Song Contest soll hir Karriär nach weider no vir bréngen. Den LSC ass scho vill Aarbecht fir déi eenzel Kandidaten, och fir d’Irem, wat awer vill Ënnerstëtzung vu sengen Eltere kritt.
Normalerweis séngt d’Irem op Däitsch, mee den LSC-Song ass awer op Englesch entstanen, geschriwwe gouf en um Songwriting-Camp an der Rockhal. “Do waren d’Songwriters haaptsächlech englesch. Dofir ass dat esou entstan. An ech hunn och guer kee Problem domadder, op anere Sprooche Musek ze maachen. Meng éischt EP war jo och op fënnef Sproochen.”
Musikalesch huet si fréi ugefaangen: mat Blockflütt, duerno Gittar, a vill Danz. Am Stater Conservatoire war d’Irem a ville Coursen ageschriwwen. D’Choreografie op der LSC-Bün ass dem Irem dofir och wichteg.
Den Hugo, 28 Joer, ass en anere Finalist, mat enger ganz eegener Energie. Fir hien ass Sport e wichtegen Deel vu sengem Liewen, virun allem Crossfit: “Als Sänger brauch ech e gudde Conditioning, well et muss ee sech vill beweegen.”
Zanter zwee Joer trainéiert hien intensiv, bal véier Mol d’Woch. Danzen ass eng aner grouss Passioun vum Hugo, eemol d’Woch geet hien an en High-Heels-Danzcours: “Ech maachen dat zanter fënnef Joren. Et mécht mir vill Spaass, et brauch vill Balance a vill Muskelen an et ass immens schéin.”

Fir säin Optrëtt um LSC wëll hie Gesank, Sport an Danz kombinéieren: eng richteg Show. Scho mat sechs Joer huet hien an enger Chorale gesongen, mee méi professionell gouf et virun dräi Joer, wéi Lëtzebuerg ugekënnegt huet, erëm beim ESC matzemaachen.
Nieft der Musek schafft den Hugo op der Uni Lëtzebuerg als Eventmanager op der Fakultéit fir Droit, Ekonomie a Finanzen: “Ech organiséieren Eventer wéi Diplomfeieren, Summerfest, Chrëschtdagsfest oder och Visitte vu Ministeren. Dat muss ech alles organiséieren an och de Protokoll gutt maachen.” Fir den LSC krut hie kulturelle Congé a kann sech esou voll op d’Musek konzentréieren.