Zanterhier hätt sech d’Situatioun net berouegt, esou di dräi Fraen.
Deemno wunne si och allen dräi an der Tëschenzäit a Frankräich. Dat wier awer och net grad eng fräiwëlleg Decisioun gewiescht. “Ech hat ëmmer eng pazifistesch Approche. Ech hunn zum Beispill d’Leit op der Strooss fir Schrëftprouwen gefrot, déi ech dann a menge Wierker verschafft hunn, mä dobaussen ass d’Blutt weider gefloss a Leit stierwen och nach ëmmer”, erënnert sech d’Kënschtlerin Chuu Way Nyein. “Wéi ech d’Land hu musse verloossen, hunn ech ëmmer weider gemolt, well ech weess dass Konscht immens vill bewierke kann. Dowéinst ass de Militär och ab engem gewësse Punkt géint mech a meng Famill virgaangen: well de Message bei hinnen ukomm ass.”
Obschonns si net méi am Myanmar wunnen, probéiere si weiderhin, duerch hir Wierker op d’Problematiken doheem opmierksam ze maachen a méi Liicht op d’Situatioun ze werfen, sief dat duerch feministesch Skulpturen, Molereie mat staarken historesche Referenzen oder Fotoen. “Ech si frou kënnen hei auszestellen. Eis Roll ass et nämlech net nëmmen, eis Konscht ze weisen, mä och all d’Leit aus dem Myanmar ze representéieren”, erkläert d’Kënschtlerin Nge Lay.
“Ech hat d’Chance de Myanmar ze verloossen, mä anerer hunn dës Opportunitéit net. Dowéinst gesinn ech et als meng Roll, mäin Heemechtsland uechter d’Welt ze representéieren an ech notze meng Fotoen, fir op d’Problemer am Myanmar opmierksam ze maachen”, esou d’Fotografin Mayco Naing.
Hir Kolleegin Mayco Naing huet decidéiert, zwou vun hire Fotoserien ze weisen. Eng dovunner ass 1988 nom zweete Militärputsch am Myanmar entstanen a weist op eng konzeptuell Aart a Weis d’Auswierkunge vun der Diktatur op hir Generatioun. Déi zweet Serie huet si ufanks dës Joers bei de Protester vum “Civil Disobedience Movement” geknipst. D’Iddi wier et, d’Evolutioun vun der politescher Situatioun ze weisen, bezéiungsweis de Manktem vu reelle Changementer.
D’Ausstellung „Femmes en Résistance“ kann een nach bis de 6. Februar an d’Abtei Neimënster kucke goen.