Film vun der WochOrphan vum László Nemes

Frank Grotz
Säin Drama "Son of Saul" iwwert ee Prisonéier zu Auschwitz, gouf virun 10 Joer mam Oscar ausgezeechent. Dem ungaresche Realisateur László Nemes säi Film ORPHAN, deen elo am Kino ze gesinn ass, hëlt eis mat an d'Nokrichszäit an thematiséiert eng weider Diktatur.
Film vun der Woch: "Orphan" vum László Nemes
Säin Drama Son of Saul iwwert ee Prisonéier zu Auschwitz gouf virun 10 Joer mam Oscar ausgezeechent.

Budapest um Enn vun de 50er Joren. Dem jonken Andor säi Liewen ass bestëmmt vum Alldag ënnert der sowjettescher Oppressioun, dem ugespaante Verhältnis zu senger Mamm an der Absence vu sengem jiddesche Papp, deen am Krich  deportéiert gouf. D'Situatioun eskaléiert, wéi op eemol en neie Mann am Liewe vu senger Mamm optaucht. E Mann, dee si aus fréiere Joren ze kenne schéngt an dee sech elo op brutal Manéier als Familljepapp wëll imposéieren.

Mat Orphan behandelt de László Nemes de Sujet vun der Rebellioun géint en autoritäre Regime esouwuel um historeschen Niveau, wéi och am Kontext vun engem Teenager, deen a senger Frustratioun ëmmer manner Ausweeër gesäit. Duerch eng maîtriséiert Billersprooch a mat Hëllef vum jonke Bojtorján Barabas an der Haaptroll, geléngt et dem Realisateur androcksvoll d'Perspektiv vum engem Kand duerzestellen, dat aus sengen Dreem erausgerappt a vun der Realitéit forcéiert gëtt, schnell erwuessen ze ginn.

Back to Top
CIM LOGO