Filmfestspiller zu Venedeg (Blog 1)E gewote Choix als Ouverturesfilm vum Festival

Tom Dockal
Den Tom Dockal ass aktuell op den 79. Editioun vun de Mostra Internazionale d'Arte Cinematografica zu Venedeg an erzielt eis, wéi hien de Festival erlieft.
© Tom Dockal

Weekend zu Venedeg. Et ass Mëttesstonn. Deen heite sëtzt um Lido no senger Pizza con tutto beim Mier, bal op der Plage, mam Réck laanscht d’Beach Bar, déi just e Kazesprong vum ganze Festivalstrubel ass. Ech hunn einfach decidéiert, et wier Zäit, en Apérol mat engem Croissant ze huelen, fir dann esou eppes ewéi en éischte Blogtext ze schreiwen. D’KolleegInne vun RTL hu sech dat gewënscht. A well ech bis bal fënnef Auer kee Film um Programm hunn – a well ech meng Schwammsaachen net agepaakt hunn – duecht ech mer, ech kéint dee Schreiwexercice versichen.

© Tom Dockal

Dir krut et bestëmmt mat, de Filmfestival vu Venedeg, ee vun deene wichtegsten europäesche Rendezvousen am Kalenner vun Kinosbetriib, huet e Mëttwoch ugefaangen. An den Auteur vun dësen Zeilen ass eng véierte Kéier de suite op de Lido gereest. De Lido ass eng laang gezunne schmuel Insel südëstlech vu Venedeg. An et ass do, wou de Festival sech zum allerallergréissten Deel ofspillt. Um Lido an net zu (Venedeg) San Marco. Bis nächste Samschdeg kucken hei e puer Dausend Leit Filmer, schaffen an – maache mer eis näischt vir – loossen iergendwéi, jiddereen op seng Manéier, de Summer auskléngen.

Wärenddeem ech hei gemittlech viru mech hischreiwen, gëtt d’Schlaang nieft mir fatzeg laang. D’Leit kommen aus dem zweete Film fir haut eraus. Dat ass zu engem ganz groussen Deel de Publique aus dem Kompetitiounsfilm Argentina, 1985 vum Santiago Mitre oder Master Gardener vum Paul Schrader, déi den Owend hei virgestallt ginn. A bis dann duerf ech mech net ëffentlech zu deene Filmer expriméieren. Eréischt mam Ufank vun der offizieller Première gëtt den Embargo op d’Kriticken opgehuewen. Firwat déi Leit bei d’Beach Bar stiermen? Hei gëtt et e Buffet mat Pasta, Zaloten a Pizza, an déi Saache sinn e gudde Krack méi bëlleg, ewéi uewen um Festivalsterrain. Den Apérol ass hei ënne beim Sand an der Moyenne 2,5€ méi bëlleg. D’Jore virdru krut ee bei all Apérol an Änlechem e klénge Plastiksteller gesalzte Chipsen dobäi fir näischt. Mä dat huet – sief et aus Klimaefforts- oder Käschtegrënn opgehalen. Soit.

Den eigentleche Festivalschaos huet schonns e puer Deeg virum eigentleche Festivalsstart ugefaangen. An dat, well d’Venezianer fir déi zweete Kéier hiren Ticketingsystem gutt verschass hunn. Leschte Sonndeg souze mer all vu Moies siwe bis an de fréie Nomëtteg eran un de Computeren, fir Tickete fir Filmer fir déi éischt zwee Deeg z’organiséieren. Selbstverständlech stoung Film-Twitter op der Kopp an huet misse gutt Loft loossen a (zum Deel immens witzeg) granzen. Dat ass esou wäit gaangen, dat d’Firma, déi lescht Joer mat engem onnéideg komplizéierte System opgelauert huet a jidderee fäerdeg gemaach huet – an ëm Schlof bruecht huet wuertwiertlech, all Dag huet ee sech missen de Wecker fir 6h30 stellen, fir déi éischt Tickete kënnen ze huelen – déi Firma huet et sech net konnte verknäifen, op Twitter de Geck mat eis all ze maachen. Wuelverstanen ass e wärend engem Filmfestival net virun 1 Auer Nuets am Bett. An och da war et zum Deel eng Lotterie. Filmkritiker sinn ëmmer séier gestresst, mee dat gehéiert iergendwéi zum Spill dobäi. Ouni dat sech d’Organisateuren an iergendenger Aart a Weis entschëllegt hunn – zu Cannes gouf virun e puer Méint op d’mannst zum Amusement vu jidderengem gesot, de Site wier gehackt ginn – a jiddereen en Trick erausfonnt huet, fir éiwege Waardeschlaangen aus dem Wee ze goen. Huet sech d’Situatioun berouegt a deen heiten huet schlussendlech awer net een eenzege Film verpasst.

Mëttwoch, 31. August

Wien eng Schlofplaz um Lido ergattert - sief et an engem fuerchtbar deieren Hotel, en Haus, eng Wunneng oder e Bett an enger Kummer vun enger Wunneng (dem Auteur säin Zenario) - huet Moies eng gutt hallef Stonn méi Zäit, fir an d’Gäng ze kommen. Zur grousser Berouegung vu jidderengem ass den éischten Dag (an tatsächlech och bis elo) de grousse Stuerm op d’Carabiniere Kontrollen ausbliwwen. Wéi déi gelaunt sinn, piddelen déi méi oder manner laang duerch d’Rucksäck iert een op de Festivalsterrain geet. Lescht Joer ass mir esou e Film duerch d’Läpper gaangen, well ee Flic gemengt hat, ech wier en Demonstrant vun enger Demo, déi grad Venedeg onroueg gemaach huet, deen een Nomëtteg an huet mech esou laang zeréckgehalen, dat ech de Start vun engem Documentaire verpasst hunn. Esouwäit esou gutt. Den Ticketing huet sech nach eppes richteg nerveges iwwerluecht. Amplaz, dat ee seng Ticket um Barcode vu sengem Badge hat, huet ee missen an de Confirmatiouns-Emaile vun Ticketen e Link uklicken, sech dann aloggen an da kritt een e QR-Code ugewisen, deen an der Entrée gescannt gëtt. Mir sinn eis eens, dat dat onnéideg komplizéiert ass, gell? E bëssi Matleed mat den aarme Festivalsgänger.

Den Ouverturesfilm White Noise vum Noah Baumbach krut d’Press scho Moies gewisen. Den Noah Baumbach wot sech un eng Adaptatioun vun engem enorme Buch vum Don DeLillo. Éierlech gesot, war ech bëssi skeptesch. A sinn och e puer Deeg dono weiderhin skeptesch. Dat de kënschtlereschen Neveu vum Woody Allen esou eppes gemaach huet, ass natierlech couragéis, well et hie komplett aus senger comfort zone erauslackelt, mee en fin de compte bedeit et awer net ganz vill. An ech ka mir och net virstellen, dat de Film iergendeppes ze radette wäert hu bei den Oscars. Esou ausufernd ewéi d’Buch ze bleiwen, bréngt schlussendlech kee weider. Weeder déi, déi d’Buch net kennen – déi wäert et einfach just nëmmen iwwerfuerderen an als komplett bizarr ofstempelen – a scho guer net d’DeLillo-Jünger. An de Baumbach ass ganz kloer selwer e Jünger vum Auteur. Déi bal 140 Minutte sinn ermiddend, an awer léisst et sech ganz gutt kucken. A wann de Film net elo, mam Covid-Argument am Hannerkapp, gemaach gi wier - eng Panik brécht am Film/Buch aus wéinst enger toxescher Wollek, vun där kee weess, wéi krank oder net se ee mécht – da warscheinlech ni. DeLillo ze verfilmen ass och wierklech keen einfach Exercice. De David Cronenberg hat virun 10 Joer a sengem Cosmopolis och just mëttelméisseg Succès. Wien d’Buch an/oder den Auteur net kennt, da liest White Noise oder soss eppes vum DeLillo. Vläicht Underground. Da si scho gäil Romaner. De Film ass okay.

Direkt dono sinn ech 50 Meter weider an d’Sala Perla gelaf fir d’Ouverture vun den Giornate degli autori. Dat ass eng vum Festivals-Programm onofhängeg Selektioun, déi säit bal 20 Joer mat am Programm ass. An déi hunn de couragéise Choix gemaach, fir dem Mark Cousins säi mat italienesche Sue produzéierten Documentaire The March on Rome ze weisen. E Film iwwert d’Muechtergräifung vum Mussolini an déi fréien 1920er Joren. Als Ophänkert hëllt hien e ganz amateurhaft gemaachene Propagandafilm eng hallef Stonn ausernaner a weist op Tricken a Manipulatiounen am Montage hin, déi fake news quasi ëm 100 Joer précurséieren. An natierlech mécht hien dann e Lien zu neie rietsen Dynamiken an der Weltpolitik. Vum Bolsonaro zum Trump a vum Salvini an nach villen aneren net ze schwätzen. Interessant ass virop, dat d’Giornate dee Film programméieren am Joer, wärend deem de Festival säin 90. wëll feieren. Interessant, well d’Mostra vu Venedeg 1932 an d’Liewe geruff ginn ass... vun eeben deenen italienesche Faschisten, déi laut Cousins den Hitler an nach vill anerer inspiréiert hunn.

Ënner normalen Ëmstänn a mat de Joer hunn ech mer selwer d’Limitt vu véier Filmer den Dag gesat. Och schonn esou huet een u sech just fënnef Stonnen am Nomëtteg Zäit fir Rezensiounen, Texter ze schreiwen a Bäiträg ze maachen. A wann dann nach Interview dobäikommen, da gëtt et souwisou alles enk. Mee u sech bleift et alles eng Saach vu Konzentratioun. An déi ass um Ufank vum Festival nach éischter do, ewéi no enger Woch Festival. Dofir gouf et nom Faschistefilm vum iresche Filmemaacher - deen ech tatsächlech den Dag selwer nach mat e puer anere Journalisten interviewe konnt – bis Owes kee Film méi.

De Sébastien Lifschitz ass e franséische Cineast, dee mir an deene leschte Joer immens un d’Häerz gewuess ass. Säi Petite fille ass en Documentaire vun enger häerzzerräissender Schéinheet, dat ech reegelméisseg nach no zwee Joer ëmmer nees un en denke muss. Kuckt iech deen un, wann et iergendwéi nëmme geet. Genee dëse Realisateur huet zu Venedeg – och an den Giornate – en neien Documentaire am Programm. A well deen haut Samschdeg am spéide Moien seng Première hat, kann ech endlech doriwwer schwätzen. Casa Susanna erzielt vum Haus mam nämmlechten Numm, an deem sech an den USA vun den 1950er a 60er Männer getraff hunn, déi gäre Fraekleeder ugedoen hunn. Joerzéngte méi spéit treffe sech ProtagonistInnen aus deem Ëmfeld vum Lifshitz senger Kamera an der Pampa vun de Catskills an erzielen aus där Zäit. Vill vun hinne ware bestuete Leit, anerer hu iergendwann dono hir Transsexualitéit assuméiert an da gëtt et déi, déi hir Geschicht vun Nokommen erzielen. Et ass ewéi ëmmer beim Lifshitz eng Affär vun enormer Empathie. Seng Kamera a säi point de vue ass esou wonnersensibel an hält douce op sinn. Natierlech waren et dramatesch Zäite fir déi Mënschen – Homosexualitéit a Crossdressing waren an de Staate verbueden -, mee de Lifshitz konzentréiert sech virop op déi schéi Saachen a wat déi Communautéit ausgemaach huet. En ass leider net esou enorm ewéi de Petite fille oder säi Laangzäitdocumentaire Adolescentes – virop wéinst dem klasseschen talking heads Format, dat de Film anhëlt – mee grad dann, wann ee mengt, et hätt een et iwwerstanen, da zitt de Filmemaacher eng Zeen an eng Situatioun aus dem Aarm, déi een op eemol dann awer bannent Sekonnen zu Tréine féiert. Jo, ech ginn et zou, an dat direkt den éischten Dag vum Festival.

D’Première vu Casa Susanna leeft elo grad an der Sala Perla, wou ech an enger Stënnchen a mäin nächste Film ginn. Ech hunn en ewéi gesot e Mëttwoch am fréien Owend gesinn. An zwar an engem neie Sall, der Sala Cortino, déi bannent engem Vëlodrom vun engem Park ëmkreest ass. Iwweregens kritt de Sébastien Lifshitz am Kader vun dëser Première de Queer Lion Award fir säi Wierk.

Fir de Queer Lion ass dann och dee leschte Film vum Dag nominéiert. Enfin, och fir de Queer Lion, well et och ee vun deene grouss antizipéierten Titel aus der Kompetitioun ass. Tár vom Todd Field a mam Cate Blanchett an der Haaptroll. Vun zwou Schauspillprestatioune geet een hei um Lido dovunner aus, dat se ganz kloer Kandidate fir d’Oscare ginn. Eng dovunner ass eeben déi vum Blanchett an dësem Film, an deem si d’Dirigentin vun de Berliner Philharmoniker spillt. Eng Kënschtlerin mat internationalem Standing, mat engem Been zu Berlin a mam aneren am ganze Rescht vun der Welt an ass kuerz virdrun, déi mythesch 5. Symphonie vum Mahler opzehuelen. Elo un dee Film zeréckzedenken ass am Niwwel vun de ganze Filmer all Dag an d’Geschreifs virdrun, dertëscht an dono net esou einfach. De Film ass dréchen ewéi d’Wiss op der Kinnekswiss, en ass ambigue ewéi wéineg, et geet ëm immens villes an et dauert iwwer zwou an eng hallef Stonnen. An tatsächlech dominéiert d’Cate Blanchett vu vir bis hannen den Ecran. D’Charakterstudie vun Tár ass eng héichkomplex a villschichteg. A mécht et sengem Publique net ëmmer einfach. Villes gëtt vun der däischterer Säit beliicht, virop och de Personnage vum Lydia Tár. Dat eenzeg, wat als duerch an duerch befonnt an an Zeen gesat gëtt, ass d’klassesch Musek. Fir de Rescht ass et d’Geschicht vun engem Personnage, deen héich erop wëll, mee deem seng Chute imminent ass.

Back to Top
CIM LOGO