Comité de sélection deelt matFilmfong ënnerstëtzt 19 Projeten, dovunner 12 vu Lëtzebuerger Realisateuren

RTL Lëtzebuerg
Déi ganz lescht Woch iwwer war de Selektiounscomité vum nationale Filmfong nees zesummen, fir iwwer d'Projeten ze decidéieren, déi sollen ënnerstëtzt ginn.
© RTL-Archiv

Um Enn huet de Selektiounscomité 19 Projete festgehalen, déi finanziell wäerten ënnerstëtzt ginn. Sief et fir d’Schreiwen vun engem Dréibuch, den Developpement oder d’Produktioun. Eng Dose Filmer vu Lëtzebuerger Realisateure sinn drënner.

Déi ganz finanziell Enveloppe fir déi 19 Projete beleeft sech op ëmmerhin eppes méi wéi 16 Milliounen Euro. Dräi Filmer, ee Long métrage an zwee Animatiouns-Wierker, kréie jeeweils eng sougenannten AFS, also eng selektiv finanziell Hëllef vun 3 Milliounen Euro. An engem Fall ass dat méi wéi d’Hallschent vum ganz Produktiounsbudget.

All Joers kënnt de Comité de sélection vum Filmfong véier Mol zesummen. Deen nächste Rendez-vous ass am Mee 2026.

Déi ganz Lëscht vun de Projeten, déi ënnerstëtzt ginn, fannt Dir hei:

PDF: Communiqué vum Comité de selection vum Filmfong.pdf

Back to Top
CIM LOGO