
Vum 10. bis den 13. Juni 2027 gëtt am Park Gaalgebierg zu Esch-Uelzecht nees gedanzt. En Dënschdeg hunn d'Organisateure vum Francofolies-Museksfestival déi éischt Kënschtlerinnen a Kënschtler bekannt ginn, déi optriede wäerten. Headliner freides ass den US-amerikaneschen DJ a Museksproduzent Marshmello, samschdes ass et de franséische Rapper Orelsan a sonndes ass et déi franséisch-kongoleesesch Sängerin Theodora.
De Präis fir en Een-Dages-Ticket läit bei 64 Euro. Den Ticket fir zwee Deeg kascht 110 Euro an dee vun dräi Deeg 160 Euro. Kanner ënner 12 Joer komme fir 20 Euro pro Dag eran. Et gëtt och d'Méiglechkeet, do ze campen.