
Ënnert Applaus gouf en Dënschdeg den Akt fir de Retour un de Benin vun de Géigestänn vu béide Kulturminister ënnerschriwwen. De franséische President Emmanuel Macron huet vun engem “symboleschen, beréierenden an historesche Moment” geschwat.
D’Zuel vun de Wierker ass zwar geréng, mä déi symbolesch Bedeitung wier grouss. De Macron hat sech 2017 an enger Ried am Burkina Faso verflicht, bannent fënnef Joer éischt afrikanesch Kulturgidder zréckzeginn. Dat sollt och dobäi hëllefen, d’Bezéiungen zu den afrikanesche Länner op eng nei Grondlag ze stellen. A franséische Muséeë befanne sech ronn 90.000 Konschtgéigestänn aus afrikanesche Länner, vun deene vill wärend der Kolonialzäit matgeholl goufen.
De Paräisser Musée “Quai Branly” hat déi 26 Objeten, déi elo un de Benin zréckginn, Enn Oktober nach eng Kéier ausgestallt. Ënnert anerem waren et hëlze Statuen, mat Schnitzereie verziert Tréin, Palaispaarte mat Relieffen a reliéis Géigestänn, déi franséisch Kolonialzaldoten Enn vum 19. Joerhonnert bei der Eruewerung vum Kinnekräich “Dahomey” geklaut haten.
Am Benin gëtt de Retour vun de Kulturgéigestänn schonn erwaart, déi mam Fliger vum benineschem President transportéiert solle ginn. Déi éischt zwee Méint solle si an engem Lager op déi nei klimatesch Konditiounen agestallt ginn, éier se am Palais vum President an der Uertschaft Ouidah ausgestallt ginn, wärend zu Abomey en neie Musée gebaut gëtt.
Eng Berliner Konschthistorikerin hat 2018 zesumme mam Senegalees Felwine Sarr e Rapport publizéiert, deen d’Grondlag fir de Retour ass. 2020 huet déi franséisch Nationalversammlung e Gesetz gestëmmt, fir de gesetzleche Kader ze schafen. Schätzunge vun Experten no befanne sech 90 Prozent vum afrikaneschem Kulturierwen ausserhalb vum Kontinent. Sechs afrikanesch Länner hunn zanter 2019 de Retour a Frankräich ugefuerdert.