Formel 1Kimi Antonelli mat Start-Zil-Victoire zu Monte Carlo

RTL Lëtzebuerg
Den Italieener gewënnt virum Lewis Hamilton an dem Isack Hadjar. D'Course gouf vun zwee Accidenter, zwou Safety-Car-Phasen an enger Ënnerbriechung gepräägt.
© ANDREJ ISAKOVIC/AFP

An den enke Stroosse vu Monte Carlo huet sech de Kimi Antonelli seng fënnef Victoire hannertenee geséchert. Domat gëtt de jonken Italieener weiderhin den Toun am Mercedes-Lager un. Hannert dem Mercedes-Pilot koumen an enger geckeger Schlussphas de Lewis Hamilton an de Pierre Gasly un. De Gasly gouf awer wéinst sengen Zäitstrofe schlussendlech als Siwente gewäert. Den Isack Hadjar ass eng Plaz no vir gesprongen a feiert säi bescht Resultat a senger Karriär. Et ass awer nach net kloer, ob den Hadjar seng drëtt Plaz behale wäert, wéi d'Formel 1 nodréiglech matgedeelt huet.

Am dausendste Grand-Prix fir McLaren huet den Oscar Piastri als Véierten als eenzege Papaya-Pilot de schwaarz-wäiss karéierte Fändel gesinn (Norris an der 46. Ronn ausgefall), virun den zwee Racing-Bull-Pilote Liam Lawson an Arvid Lindblad. Den Alexander Albon, den Esteban Ocon an de Sergio Perez hunn déi lescht Punkte geraf. Den Nico Hülkenberg krut wéinst senger Kollisioun mam Carlos Sainz nom Restart eng Zéng-Sekonne-Strof a gouf net als Néngten, mee als 14. gewäert.

Och den George Russell gouf Affer vun enger Rei Strofen. Hie gouf um Enn 15. a koum net an d'Punkten. Domat baut den Antonelli seng Avance am Generalklassement op säin Teamkolleeg aus.

De Resumé vun der Course

Direkt beim Start hat de Max Verstappen Problemer, säin Auto op Touren ze kréien, an ass quasi stoe bliwwen. Hien huet sech duerno op der leschter Plaz erëmfonnt. No zwee Tier huet den Hollänner säin Auto ofgestallt. Duerno ass d'Course gréisstendeels ouni Problemer verlaf an den Antonelli konnt vir seng Ronnen ouni grouss Attacken dréinen. Hannendrun hu sech den Hamilton an de Leclerc ëm Plaz 2 gestridden, mee haten e grousse Réckstand op den Mercedes-Pilot.

Mam Out vum Lance Stroll an der 60. Ronn an dem uschléissende Safety Car gouf d'Course nach eng Kéier op d'Kopp geheit. Den Antonelli hat virdrun eng Avance vun 28 Sekonnen op den Hamilton, duerno hat hien de Britt nees am Réckspigel. No sechs Ronnen hannert dem Safety Car gouf d'Course relancéiert. Dobäi huet de Charles Leclerc op der selwechter Plaz wéi de Stroll d'Kontroll iwwer säin Auto verluer an eng weider Safety-Car-Phas ausgeléist. Doropshin gouf d'Course fir 30 Minutten ënnerbrach, fir de Makadamm an der leschter Kéier ze botzen an d'Ofspärung nees ze flécken.

Nom Restart sollt et awer keng gréisser Verännerunge méi ginn an den Antonelli ass seng éischt Plaz souverän heemgefuer.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen

FORMULA 1 LOUIS VUITTON GRAND PRIX DE MONACO 2026

Back to Top
CIM LOGO