"De Krich ass en däischteren Hannergrond"Interview iwwer "Blindspot - a Ukrainian story of love and war"

Bea Kneip
De Roman baséiert op den Erliefnisser vun der Autorin Kateryna Moroz.
© 360Crossmedia/AO

Zënter bal véier an engem hallwe Joer ass Krich an der Ukraine. Et huet een sech scho bal dru gewinnt, an den Noriichten ëmmer nees vun Ugrëff, Doudegen a Bléisséierten ze héieren. De Krich als Deel vum Alldag. En Alldag dee fir déi Betraffen op der Plaz an déi ukrainesch Réfugiéeën déi ënner anerem och hei zu Lëtzebuerg liewen, ganz anescht ausgesäit wéi fir eis aner déi mir just aus den Noriichten dovu wëssen. D’Kateryna Moroz ass viru véier Joer aus Kiew geflücht. Hire Roman «Blindspot – a Ukrainian story of love and war” dee si zesumme mam Jérôme Bloch geschriwwen huet, ass un hirer eegener Geschicht inspiréiert a spillt deelweis zu Lëtzebuerg.
Kateryna Moroz: Et ass u menger Geschicht inspiréiert, mä et ass och d’Geschicht vun esou ville Leit am Moment. An deem Sënn géif ech net soen, dass meng Geschicht eenzegaarteg wier. Et geet ëm Léift, et geet ëm de Krich an et ass eng Geschicht, déi vill Leit beréiert, well et d’Blindspots gëtt (den doudege Wénkel, dat wat een net direkt gesäit, Umierkung vun der Iwwersetzerin) tëscht de Leit, déi verschidde perséinlech an historesch Hannergrënn hunn, aus verschiddene Kulturen. Och wa mir kucken, a mir soen, eis Kierperen sinn änlech gebaut, mir hunn ongeféier deselwechten Hannergrond. A Wierklechkeet si mir esou verschidden an de Krich weist déi Ënnerscheeder op eng dramatesch Manéier. Dorëms geet et an der Geschicht.

Kateryna Moroz: What the story is about

D’Protagonistin vum Roman heescht esou wéi d’Autorin selwer, Katya. Zesumme mat hirer Mamm an hirem klenge Jong Yan flücht si direkt um Ufank vum Krich vu Kiew op Lëtzebuerg, wou hiren US-amerikanesche Mann Troy sech fir seng Aarbecht ophält. Am éischte Kapitel erlieft ee mat, wéi si mat hirer klenger Famill an Däitschland ukënnt. Dee klenge Yan versteet net wierklech firwat si mat der Bomi hirem rabbelegen alen Auto matzen an der Nuecht op enger Autobunns-Tankstell an der Géigend vu Chemnitz ukommen a wat dat fir hir Zukunft bedeit. An den nächste Kapitelen geet et emol vir an emol zeréck an der Zäit, mir sinn dobäi wann den Troy an d’Katya sech verléiwen, an och wéi si hiert neit Liewen zu Lëtzebuerg organiséieren. No an no gëtt hinnen awer och kloer, wéi staark de Krich si wierklech belaascht an dass kulturell Ënnerscheeder, déi a Friddenszäiten kaum an d’Gewiicht gefall sinn, hiert Zesummeliewen elo méi schwéier maachen.
Kateryna Moroz: Et huet domat ze dinn, wéi mir gemaach sinn. Wat eis zentral Wäerter sinn. Wat mir wichteg ass, ass net onbedéngt dat wat engem Westeuropäer wichteg ass, mä déi Saachen di mir wierklech wéi. A well de Krich esou en däischteren Hannergrond huet, gesäit een all déi Ënnerscheeder ëmsou méi däitlech.

Kateryna Moroz: War is a dark background

Wéi huet et sech eigentlech fir ukrainesch Refugiéeën ugefillt fir hir Heemecht verloossen ze mussen?
Kateryna Moroz: Ech géif soen, de Krich ass wéi eng Wonn. Stell dir vir, um Ufank gëss du praktesch an zwee geschnidden, mä du muss dech zesummerappen, goen a laachen. Et war esou schwéier. Dat éischt Joer, déi éischt zwee Méint waren einfach surreal. Dowéinst ass de Krich esou brutal, well wann s du mat de Leit schwätz, dann denkt een u Blutt a Wonnen, Explosiounen an Ugrëff. Mä de Krich belaascht Mënschen op esou vill verschidde Manéieren. Et sinn onsiichtbar Wonnen déi elo heelen, du kanns jo och net véier an en halleft Joer mat enger oppener Wonn goen. Also hues du Läinzeechen, et deet ëmmer nach wéi, mä du hues geléiert se ënner denge Kleeder ze verstoppen. Also du bedecks deng Läinzeechen a liefs däi Liewen. D’Läinzeeche sinn ëmmer nach do, mä du gees anescht domat ëm. Um Ufank hunn d’Leit eng Distanz gesicht, mä du muss verstoen, dass mir eist Land net verlooss hunn, well mir aarm gewiescht wieren oder kee gutt Liewe gehat hätten. D’Leit hunn hir schéin Haiser an hiert gutt Liewe missten hannert sech loossen. Natierlech, villäicht kee grousse Luxus, mä ganz anstänneg, e ganz gutt Liewen. Déi Wunneng oder de Betrib deen hinne gehéiert huet, si hunn einfach missten an den Auto sprangen a flüchten. An dem Moment wou si hire soziale Status verluer hunn, dat huet esou ville Leit wierklech wéigedoen, an natierlech sicht een dann eng Distanz, well du hues keng Anung méi wats de maache kanns a wéis du dech an der Welt behuele solls. Well hei bass du e Flüchtling, mä an der Ukrain waars du villäicht en Affekot, oder eng Coiffeuse déi grad hiren eegene Salon opgemaach hat. Du méchs dëst oder dat. A wie bass du hei?

Kateryna Moroz: Who are you here?

Firwat huet si dës Erfarungen ausgerechent an engem Roman verschafft?
Kateryna Moroz: Vum Krich héiert ee jo heiansdo an den Neiegkeeten, an Zeitungs oder Online-Artikelen. A wann eng Persoun déi dat nach ni gesinn huet, dat ni erlieft huet, liest dass do 50 FPV-Dronen, oder 500 FPV-Dronen oder 5000 FPV-Drone waren, da weess deejéinege guer net wat dat bedeit. Mä wann een d'Geschicht vun enger Fra liest, da stécht een an hire Schong. An elo erwächs du mat hir, du leits mat hir, an du bass dobäi wann si sech verléift, du suivéiers d’Geschicht. Ech mengen dann ass et méi einfach fir d’Leit ze verstoen, wéi de Krich ass.

Kateryna Moroz: In her shoes

D'Kateryna Moroz an de Jérôme Bloch hunn am Mee hiert Buch zu Lëtzebuerg virgestallt.
D'Kateryna Moroz an de Jérôme Bloch hunn am Mee hiert Buch zu Lëtzebuerg virgestallt.
© 360Crossmedia/AO

D’Buch huet si awer net eleng geschriwwen, mä zesumme mam Jérôme Bloch, deen a Frankräich gebuer gouf, a schonn zënter laange Joren zu Lëtzebuerg lieft a schafft. Um Ufank vun der Zesummenaarbecht stoung eng zoufälleg Begéinung an engem Musée zu Frankfurt. D’Iddi fir d’Buch koum vum Jérôme, d’Kateryna war ugangs skeptesch, huet sech dann awer iwwerzeege gelooss. Wärend dem ganze Schreifprozess hu si sech just véier mol perséinlech gesinn, si hunn awer all Dag iwwer Zoom matenee geschwat an um Manuskript gefeilt. Dat fäerdegt Buch, dat ugangs 2026 erauskomm ass, dat sinn 134 Säiten op Englesch – wat fir kee vu béiden d’Mammesprooch ass. Iwwer dem Schreiwen sinn hinnen dann och d’Blindspots opgefall – déi Punkten op deenen Mënschen aus West an Ost-Europa sech dacks falsch verstinn, kulturell Ënnerscheeder, déi op den éischte Bléck subtil sinn, an awer d’Kommunikatioun méi schwéier maachen. Kommunikatioun awer ass wichteg!

Kateryna Moroz: Ech hunn eng Erfarung (mam Jérôme Bloch) gedeelt, wéi ech d’Dialogmuseum zu Frankfurt besicht hunn. Ech weess net, ob dir schonn dovun héieren hutt. Et ass e Musée wou e Guide, dee selwer blann ass, iech mat an d’Däischtert hëlt, an iech op Plazen an der Stad mathëlt. Dat war eng Erfarung déi mech schockéiert huet, well alles wat grad nach wichteg war, ass op eemol verschwonnen. A wéi ech dem Jérôme vun dëser Erfarung erzielt hunn, hunn ech och ernimmt dass d’Guide, ier mir an d’Däischtert agetaucht sinn, e ganz déifgrënnege Saz gesot huet. Si sot: «Dir musst matenee schwätzen, soss sidd dir onsiichtbar.»

Kateryna Moroz: Otherwise you are invisible

«Blindspot” ass e Buch géint d’Onsiichtbarkeet, a géint de Vergiess.

«Blindspot- a Ukrainian story of love and war” vun der Kateryna Moroz an dem Jérôme Bloch ass bei 360Crossmedia Editions erauskomm.
ISBN 978-2-919958-09-2
14,90€
N.B.: D'Buch gëtt et mat zwee verschiddene Coveren

Back to Top
CIM LOGO