
D’Kulturhaiser sinn zou, dofir muss een awer net op Konscht, Musek, Literatur, Theater asw. verzichten.
D’Kultur-Redaktioun versuergt Iech dofir mat Fudder fir Kapp, Häerz a Gemitt.
Zënter Januar steet all Méindegowend um 20 Auer d’Lëtzebuerger Musek am Mëttelpunkt vun enger neier Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg.

Etabléiert Museker awer och Newcomer aus alle Genren a Beräicher - Rock, Pop, Jazz, Electro, Hip Hop - sinn op Besuch beim Bob Konsbruck an erzielen iwwer hir Produktiounen an hir Motivatiounen an natierlech gëtt och 100% Lëtzebuerger Musek gespillt.
Fir den Ament ass d’Emissioun net, well och de Programm vu Radio Lëtzebuerg duerch déi aktuell Situatioun, adaptéiert gouf.
Hei kann een awer all d’Emissiounen an d’Musek nach emol lauschteren.


Juli 1992 - Déi kleng fiktiv Stad Heillange hei vir am Oste vu Frankräich huet scho besser Zäite kannt. D’Héichuewe vun der Stolindustrie dämpen net méi, vill Leit sinn am Chômage oder pendele op Lëtzebuerg.
De 14 Joer alen Anthony a säi Cousin probéieren de waarme Summer, sou gutt et geet, ze genéissen.
Iwwer 4 Summeren, bis bei d’Futtballweltmeeschterschaft 1998 gëtt d’Geschicht aus den A vun e puer Jonken erzielt, déi hire Wee an d’Liewe sichen.
Den Nicolas Mathieu, gebierteg aus de Vogesen, krut fir “Leurs enfants après eux” 2018 de Prix Goncourt.
De Film “Bohemian Rhapsody” iwwer d’Liewe vum charismatesche Frontman vun der Rockgrupp Queen, de Freddy Mercury ass 2018 mam Rami Malek an der Haaptroll an de Kino komm a gouf mat 4 Oscaren ausgezeechent.
Net jiddereen ass d’selwecht iwwerzeegt a begeeschtert vun der Qualitéit vum Film vum Bryan Singer.
Eppes léist de Film awer aus, en erënnert een un e legendären Optrëtt vun der Band 1985 am Kader vum Live-Aid-Concert am Wembley Stadion zu London. An deen Optrëtt soll ee roueg nach emol am Youtube-Stream genéissen.
Op RTL.lu fannt Dir all Donneschdeg en neit Rätsel. Test Äert Wëssen a Beräicher wéi Kultur, Sport, Politik, Geschicht, Theologie, Geographie oder Philosophie. Mä och Froen iwwert eis Sprooch gëllt et ze léisen.
Link: D’Rubrik mat all de KräizwuerträtselenÄert Wësse ronderëm eis Sprooch a Kultur kënnt Dir och an eisem Sproochespill testen. Déi bescht Resultater stinn herno an der Hi-Score Lëscht.
Link: D’Rubrik mam Sproochespill
RTL-Artikel: Kultur fir doheem (2)
RTL-Artikel: Kultur fir doheem (3)
RTL-Artikel: Kultur fir doheem (4)