Anti-Virus: Kultur fir doheem (2)

RTL Lëtzebuerg
E Lëtzebuerger Podcast, dee sech mat der Aktualitéit befaasst, eng Serie, déi Honger mécht an e Love Song fir all d'Meedercher a Fraen.

D’Kulturhaiser sinn zou, dofir muss een awer net op Konscht, Musek, Literatur, Theater asw. verzichten.

D’Kultur-Redaktioun versuergt Iech dofir mat Fudder fir Kapp, Häerz a Gemitt.

Déi nei Single “Girls” vum C’est Karma

Déi 19 Joer jonk Lëtzebuerger Musekerin Karma Catena huet eng nei Single am Kader vum internationale Fraendag den 8. Mäerz erausbruecht.

© Martins Goldbergs

Mam Lidd “Girls” feiert d’Indie-Pop-Musekerin all d’Meedercher a Fraen an thematiséiert ënnert anerem den alldeegleche Sexismus. Net aus Zoufall ass déi nei Single vu C’est Karma 2 Deeg virum internationale Fraendag erauskomm.

Duerch déi aktuell Situatioun huet d’Musekerin déi éischt Datumer vun hirer “The Present Is Female"-Tour zesumme mat de Kënschtlerinne Meimuna an Anna Erhard missen annuléieren. Bis gewosst ass wéini et erëm mat de Concerten virugeet, kann ee sech awer déi nei Single an dem Karma Catena seng éischt EP “Yellow” déi zejoert erauskoum, ulauschteren.

C’est Karma op Spotify

“Chef’s Table” op Netflix - alles anescht wéi eng normal Kachsendung

Antëscht ginn et scho 7 Staffele vun der US-Doku-Serie, déi vun Netflix produzéiert gouf.

Wien d’Serie nach net kennt a mengt, datt dat hei alt erëm eng vun zisch Kach-Emissiounen ass, deen iert sech. All Episode vu Chef’s Table hëlt ee mat bei e Chefkach oder -kächin a gëtt en Abléck net just an d’Platen, déi si zauberen, mä och wien déi Persoun ass a wat se inspiréiert.

Vun Italien, iwwer Schweden, Argentinien oder Australien gesäit ee ganz ënnerschiddlech Stärekäch, Iessen, Restauranten a Philosophien. Eng Serie, déi een am beschten net kuckt, wann een Honger huet. D’Rezepter kann een zwar souwisou net nokachen, an awer maache se Loscht op Iessen. Datt d’Grondiddi war eng Kachsendung ze maachen, déi och am Kino gewise kéint ginn, mierkt ee ganz séier. Et si wonnerschéin, ästhetesch Biller, déi een ëmmer an ëmmer rëm ka kucken.

Trailer Chef’s Table

Podcast “Ham, Fritten & Zaldot” setzt sech mat der Aktualitéit auserneen

Den RTL-Journalist Pierre Jans an de Matthias Kirsch, dee fir “Der Spiegel” schafft, diskutéieren iwwer d’Aktualitéit an huelen déi och mol op d’Schëpp.

2 jonk Lëtzebuerger Journalisten, deen ee mat Sëtz am Grand-Duché, deen aneren zu Berlin, diskutéieren eemol d’Woch iwwert dat, wat esou passéiert ass. Mat Fokus op déi Lëtzebuerger Aktualitéit. Sujete wéi d’Juegd op Muffelen, d’Onrouen um Haff oder och de Coronavirus stounge bis ewell schonn um Programm. An dat op eng Manéier, déi mol méi, mol manner seriö ass. Well och iwwert Aktualitéitssujete kann an dierf ee laachen.

Ham, Fritten an Zaldot op Spotify

17/03/2020 Kultur fir doheem 2 -kollwelter

Video “Girls” vu C’est Karma
Anti-Virus - Kultur fir doheem (1) 16.3.2020
RTL-Artikel: Kultur fir doheem (3)
RTL-Artikel: Kultur fir doheem (4)

Back to Top
CIM LOGO