
“Regarder la musique? Non. Écouter la musique? Non plus!”, faasst d’Cie Ô Bruit Doux hir Opféierung “L’echo du silence” zesummen. De Fokus vun der Opféierung läit also ganz kloer op der Fräiheet. D’Fräiheet, eng Opféierung esou wouer ze huelen, ewéi et grad fir ee passt. Am sëtzen, am leien oder eeben och... ageschlof. Kloer, fir e jonke Publik (d’Opféierung riicht sech u Kanner tëscht 4 & 6 Joer) schéngt dat logesch.
Dobäi kann een et sech de Gedanken net huele loossen, datt dat och bei verschidden Opféierunge fir Erwuessener eng Approche wier, déi ville gutt komme géing. Net nëmmen, well sëlleg kulturell Institutioune Sëtzplazen ubidden, wou engem no e puer Minutte verschiddenst Kierperdeeler aschlofen, ma och, well et net seele virkënnt, datt ee menge kéint, datt verschidde Wierker konzipéiert goufen, fir éischter am leien oder - wann och net schlofend, dösend wouer geholl ze ginn.

Kléngt op den éischten Abléck frech formuléiert. Ma et geet vill méi ëm d’Accessibilitéit. Och wa scho vill geschitt ass, an déi meeschte kulturell Institutiounen am Land vun engem ëmmer méi breedem Public, ganz egal wéi eng kierperlech oder mental Beanträchtegungen se hunn, besicht kënne ginn. D’Form, an där d’Kultur konsuméiert gëtt, ass dogéint ëmmer nach relativ homogen. A mat där Norme wënscht d’Cie Ô Bruit Doux ze briechen, “soucieuse de rendre la culture accessible à tous, est sensible à la mixité des publics et souhaite favoriser la rencontre, sur scène et dans les salles.”
An deem Sënn versteet sech dëse Spektakel méi ewéi eng einfach Virstellung fir Kanner. Vill méi kann ee en a Fro stelle vun eise Gewunnechte wouerhuelen. Ma sieft berouegt, dës radikal Approche setzt sech net mat Gewalt duerch ma mat Rou, Gediegenheet an Entspanung duerch. Well, ewéi et de Cube 521 kommunizéiert, ass dës Performance och d’Méiglechkeet fir d’Kanner a fir déi, déi se begleeden, sech eng wuel Verdéngten Auszäit aus der Hektik vum Alldag ze huelen.