
An den nächste Wochen, méi genee am Juni, gëtt eng national Tripartite aberuff. Dat huet de Premier Luc Frieden nom Regierungsrot confirméiert. Schonn am Mee wëll de Premier d’Gespréicher mat de Sozialpartner preparéieren. D’Tripartite soll dobäi als wichtegt Kriseninstrument fonctionéieren, fir op déi aktuell geopolitesch Situatioun am Noen Osten ze reagéieren.
Duerch d'Suitte vum Iran-Krich ass Europa um Wee an eng Energiekris oder deels schonn dran. Dat wäert och Auswierkungen op Lëtzebuerg hunn. D’Inflatioun riskéiert an den nächste Méint zolidd ze klammen, ënner anerem wéinst méi héije Käschte fir Sprit, Energie, Dünger an och Liewensmëttel. Gläichzäiteg kéint de Wirtschaftswuesstem méi schwaach ausfalen ewéi erwaart, esou de Luc Frieden. Dës Entwécklunge géife fir vill Onsécherheete suergen an hätten en direkten Impakt op d'Leit.
An esou enger Situatioun misst ee mat roueger Hand regéieren, esou Luc Frieden. Et geet drëms, d’Gesellschaft zesummenzehalen, d’Kafkraaft vun de Leit ze sécheren an d’Kompetitivitéit vun de Betriber ze stäerken, fir esou och Aarbechtsplazen ze erhalen.
Wéi vill Indextranchen an den nächsten Méint entfalen, kéint een nach net soen, well den Impakt vum Konflikt schwéier virauszegesinn wier. Op d’Fro, ob den Index konkret Thema an der Tripartite wäert sinn, wollt de Premier net am Detail agoen. D’Gewerkschaften hunn awer schonn ënnerstrach, datt eng Manipulatioun vum Index fir si eng rout Linn ass.
Nieft de wirtschaftlechen Themen ass de Luc Frieden och op den EU-Sommet agaangen, deen en Donneschdeg a Freideg op Zypern stattfënnt a wou de Krich am Iran am Mëttelpunkt steet. Hien huet dobäi betount, datt Lëtzebuerg déi territorial Integritéit vum Libanon ënnerstëtzt an d’israeelesch Attacke kritiséiert. De Grand-Duché géif sech generell fir eng Wafferou a Fridden asetzen.
Am Regierungsrot gouf donieft och de Gesetzesprojet fir eng Hausse vum Kannergeld ugeholl. Fir Kanner bis 12 Joer gëtt et vum nächste Joer un 45 Euro méi, fir déi iwwer 12 Joer 60 Euro méi.
Ausserdeem gouf e Projet op den Instanzewee geschéckt, fir de Code penal unzepassen an Affer vun digitaler Gewalt besser ze schützen.
De Premier ass den Owend um 19:30 Auer Invité am Journal.