
Den Dossier ronderëm de suspendéierten Orthopäd Philippe Wilmes geet an eng weider Ronn. De Parquet gëtt nämlech chargéiert. Dat huet d'Gesondheetsministesch Martine Deprez e Mëttwoch de Moien an der zoustänneger Chamberkommissioun confirméiert. Si ass formell: Souwäit een am Bild gewiescht wier, wier fir all Fall eng komplett Dokumentatioun gemaach ginn, an et gouf net eesäiteg analyséiert.
An der Kommissioun goung et jo ëm de Rapport vun dräi Experten, déi an hirer Analys vun 10 konkrete Fäll zu der unanimmer Conclusioun kommen, datt den Dr. Wilmes net justifiéiert Agrëffer u Knéie virgeholl hätt. Doropshin ass déi provisoresch Suspensioun vum Dokter ëm weider 21 Méint verlängert ginn. D'Ministesch huet en Dënschdeg déi 10 Fäll, ëm déi et am Rapport geet, dann och un de Parquet weiderginn.
Dëst wier de richtege Wee gewiescht, huet no der Kommissiounssëtzung e Mëttwoch de Mars Di Bartolomeo (LSAP) betount. “De Parquet, deen huet ze jugéieren, ob eventuell e penaalt Element do dobäi ass. Dat ass net un eis ze jugéieren. Do sinn d'Experte vum Parquet gefuerdert”, sou de feiere Gesondheetsminister.
Op Kriticken zu der Richtegkeet vum Rapport wëllt d'Ministesch dann net reagéieren. Och net dorop, dass et Rapporte vun der Géigesäit gëtt, déi de Géigendeel behaapten. Nämlech, dass d'Interventioune vum Dr. Phillippe Wilmes gerechtfäerdegt gewiescht wieren. "Do hunn ech elo keng Ursaach, fir nach eng Kéier en Dossier opzemaachen, ausser et gëtt e Recours um Tribunal administrativ, dat dann decidéiert, datt den Dossier nach eng Kéier muss opgemaach ginn", seet d'Ministesch.
Den aktuelle Rapport d'expertise wier kloer an en integraalt Element vun enger administrativer Prozedur, an där een den Ament dra wier. D'Suspensioun wier elo ëm 21 Méint verlängert ginn, dass de Collège medical kéint seng Instruktioun am Kader vu knapp 30 Fäll, déi un de Gremium erugedroe goufen, lancéieren. "Déi 21 Méint, déi sinn dofir do, dass d'Disziplinarprozedure vum Collège médical kënnen declenchéiert ginn. Dat hëlt natierlech seng Zäit. Dat ass och normal an engem Rechtsstaat, wou natierlech och hei déi Enquête muss kontradiktoresch gemaach ginn", ënnersträicht d'Djuna Bernard (Déi Gréng).
Déi gréng Deputéiert Djuna Bernard am Virfeld vun der Santéskommissioun och e Mëttwoch de Moie live bei eis op der Antenn zur Affär Wilmes geäussert: