“Et muss ee wëssen, wéi ee kommunizéiert”D’Award-Strategistin Olivia Gentile am RTL Interview

Jean-Marc Turmes
De 15. Mäerz goufen zu Hollywood d'Oscare verdeelt. Mir hunn eis gefrot: wéi entscheeden déi Leit, déi mat ofstëmmen, wie wéi een Oscar gewënnt? D'Olivia Gentile ass eng jonk Lëtzebuergerin, déi zu L.A. fir d’Agence “Neon” als "Award Strategist" schafft.
© Olivia Gentile

Dat och mat Erfolleg: de Film “Anora”, dee vun “Neon” betreit gouf, krut um Enn 5 Oscaren!

Dee ganze Prozess vun den Oscare fänkt fir d’Joer drop schonn am Summer un. D’Studioen zu Hollywood iwwerleeë sech ganz genee, wéi eng Filmer si wëlle fir wéi eng Oscare positionéieren.

Da kënnt eng “Award Strategy"-Agence wéi dem Olivia seng an d’Spill, fir déi Filmer duerch de sougenannten “Award Circus” ze begleeden.

D’Award-Strategiste bréngen d’Maacher vu Filmer zesumme mat deene Leit, déi herno wäerte kollektiv d’Jury vun den Oscare forméieren.

Wéi eng Leit sinn dat? Wéi kann ee sech déi Treffe virstellen? A wat muss ee kënnen, fir zu Hollywood Fouss ze faassen?

Déi jonk Lëtzebuerger Award-Strategistin Olivia Gentile gëtt am RTL-Interview e Bléck hanner d’Kulisse vun der amerikanescher Filmindustrie.

Lauschtert hei den Interview:

D’Olivia Gentile ass eng jonk Lëtzebuergerin, déi zu L.A. fir d’Agence “Neon” als “Award Strategist” schafft.

Back to Top
CIM LOGO