
1895 ass d’Biennale zu Venedeg gegrënnt ginn, an der Iddi, déi italieenesch Stad ekonomesch an touristesch weider z’entwéckelen. Zënter hir gëtt d’Konscht hei pro Natioun representéiert. Lëtzebuerg war 1956 fir eng éischte Kéier mat dobäi, mat Wierker vum Moler Joseph Kutter an dem Sculpteur Auguste Trémont. Schonn deemools war et d’Zil, Lëtzebuerger Artisten am Ausland ze weisen. Wéinst engem Mangel u Plaz konnt Lëtzebuerg awer duerno net méi weider deelhuelen a kritt keng Invitatioun méi, fir bei der Biennale zu Venedeg dobäi ze sinn.
De Comeback koum dunn iwwer 30 Joer duerno, 1988, mam Patricia Lippert a Moritz Ney. Zënter deem ass Lëtzebuerg all zwee Joer mat dobäi. All Biennale kënnt och mat engem Präis, dem gëllene Léiw. 2003 huet d’Su-Mei Tse Lëtzebuerg representéiert a gewënnt de gëllene Léiw fir de beschten nationale Pavillon.
Eng national an international Jury sicht fir all Participatioun de Kënschtler oder d’Kënschtlerin eraus, déi fir Lëtzebuerg op Venedeg goe soll. Fir d’Selektioun ass et wichteg, zäitgenëssesch Approchen an Iddien, genau sou wéi Themen déi eis Zäit markéieren oder relevant sinn, ze hunn. De Choix ass dëst Joer op den Andrea Mancini an de multidisziplinäre Kënschtlerkollektiv “Every Island” gefall.

De Projet deen zu Venedeg gewise gëtt heescht “A Comparative Dialogue Act” a soll ebe grad net just ee Kënschtler an de Fokus stellen. Et geet drëm eng kollektiv Kreativitéit, mat Hëllef vu Sounds, méi déif z’exploréieren. Am Kader vun engem Residenzprogramm, deen sech iwwert déi gesamt Durée vun der Biennale zitt, wäert de Lëtzebuerger Pavillon sech an e Produktiounsraum verwandelen. De Pavillon gëtt esou zu engem experimentelle Feld a weist gläichzäiteg de Prozess vum Wierk. Beim Projet geet et drëm, verschidden akustesch Sproochen z’erfuerschen an eng Reflexioun ausserhalb vum Visuellen unzekuerbelen.
4 Kënschtler ginn nach zousätzlech invitéiert, fir am Lëtzebuerger Pavillon ze schaffen. All Artist soll eng Soundbibliothéik erschafen, déi seng eegen individuell Demarche representéiert. Dës Bibliothéik gëtt an de Raum vum Pavillon integréiert an déngt als gemeinsamen Aarbechtsoutil. Zil ass et eng Gemeinschaft opzebauen an d’Konscht mat engem kollektiven Esprit weider ze entwéckelen. Dorausser sollen dann nei Wierker a Performancen entstoen. Ma och en Dialog mam Publikum wäert wärend där Zäit entstoen, an zwar mat hire Geräischer, Schrëtt a Stëmmen.
“De Visiteur gëtt quasi an dat Lidd an an déi Narratioun vu Stëmmen, déi aus verschidden Natiounen a Länner kommen, integréiert. Alles dat kënnt an der physescher Struktur, also der Zeenografie vum Pavillon, zesummen. Déi 4 Artiste wäerten een nom anere wärend deene 6 Méint vun der Biennale hei schaffen. Mee si wäerte sech ni treffen. All Artiste hannerléisst also Tracë fir deen nächsten Artist a fir déi nächst Visiteuren an dat ëmmer mam Sound. Et ass wéi e Cadavre Exquis deen duerch Stëmmen entsteet.” (Martina Genovesi vum Kollektiv “Every Island”)
Thema vun der Konschtbiennale zu Venedeg ass dëst Joer “Foreigners everywhere”. Vum 20. Abrëll bis de 24. November ass de Lëtzebuerger Pavillon mam Projet " A Comparative Dialogue Act” am Arsenale zu Venedeg ze gesinn.
Commissaire vun der Ausstellung ass Kultur lx an organiséiert gëtt d’Expo vum Mudam. Als Curatrice steet d’Joel Valabrega dem Andrea Mancini an “Every Island” zur Säit.