KonschtSam Krack oder Scherben bringen Glück

RTL Lëtzebuerg
A senger Ausstellung "Traces de vie" an der Gallerie Valerius, bléckt de lëtzebuergesche Kënschtler Sam Krack op seng éischt Ausstellungen a Wierker zeréck. Eng Retrospektive mat witzegen Anekdote an engem éierlechen Interessi fir de Charme vum Gewéinlechen.

Eng Chaudière, e Lavabo, eng eidel wäiss gehackelt Buedzëmmer a virun allem Plastik Still, wéi een se aus dem Gaart oder der Summervakanz kennt. Objeten, déi engem op den éischten Abléck banal, gewéinlech, voir langweileg virkommen... Ma et si genau dës, déi de Sam Krack a senger Konscht abordéiert a subliméiert.

“Ech inspiréiere mech u Fotoen aus Annoncë fir Locatiounen oder ewéi een se vun Assurance kennt. Fotoen also, déi prioritär en Zweck, en Notzen erfëllen. D’Ästheetik ass dobäi niewesächlech wann iwwerhaapt”, erkläert de jonke Kënschtler deen sech zu Sète a Süd Frankräich installéiert huet.

Andeems de Sam dës Foto nomoolt, dréint hien dës Charakteristik ëm. D’Biller verléieren hiren notzen a gewannen duerch den Asaz vun Uelegfaarwen eng ganz eegen Ästhetik. Interessant ass dobäi, datt dës Biller zugläich eppes Anonymmes hunn an dach eppes extrem Perséinleches. Se dokumentéiere Plazen, Wunnengen, déi mol belieft waren, et net méi si ma drop hoffen, et gläich nees ze sinn. An deem Sënn kéint ee behaapten, datt de Sam Krack duerch seng Zeechnungen den Iwwergang tëscht Vergaangenheet an Zukunft festhält. Eng Approche, déi virun allem seng Rideaue verkierperen. Hei ass de Sam Krack e Schratt méi wäit gaangen. “Ech hu Rideauen op leboncoin (e Site deen a Frankräich vu Privatleit genotzt gëtt, fir Saachen ze verkafen ndlr.) kaaft. Dunn hunn ech se op eng Rumm gespaant an dorop d’Foto nogemoolt, mat där se op leboncoin verkaf goufen.”

Ma de Clou vun der Ausstellung ass op jiddefalls de gebrachene Stull, deen een esouwuel op de Biller, ewéi och um Buedem vun der Galerie erëmfënnt. Virun allem d’Geschicht, ronderëm dëst Wierk ass en onerwaarte clin d’oeil un dem Kënschtler seng Approche.

“Déi Wäiss Still, déi kennt een aus der Vakanz, aus dem Gaart... Wou ech am Musée Fabre zu Montpellier ausstellen duerft, hat ech d’Iddi, d’Gardienen op esou Still ze setzen. Virun allem wéinst dem Kontrast mat dem klassesche Musée, hätt ech dat ganz witzeg fonnt. Ma dat goung net. Do hunn ech decidéiert, d’Still a Keramik nozebauen.” Eng Entscheedung, déi sech wuertwiertlech fir de Sam sollt bezuelt maachen. “Well iergendwann huet e Visiteur gemengt, hie misst sech op e Stull setzen an du koum et, ewéi et komme misst: de Stull ass a Stécker gebrach...” erënnert hien sech laachend. D’Suite schéngt ze gutt, fir wouer ze sinn. De Musée muss seng Assurance kontaktéieren déi doropshin dem Kënschtler Fotoe vum gebrachenem Stull schéckt. Wien dem Sam seng Approche verstanen huet, kann sech denken, wat hien du gemaach huet... Hien huet genau déi Foto nees nogezeechent. Ma net nëmmen dat, “d’Suen, déi ech vun der Assurance krut, waren un sech déi éischt richteg Suen, déi ech mat menger Konscht gemaach hunn.” Scherben bringen Glück also.

No dëser Ausstellung an der Gallerie Valerius, déi nach bis de 06. Januar 2024 leeft, heescht et fir de Lëtzebuerger da mol nees zeréck a säin Atelier zu Sète. Dann, am Hierscht, geet et op Lissabon fir eng Residence. “Ma grondsätzlech wäert ech elo mol an där Approche bléiwen.” Versteet sech, ëmmerhi schéngt se ëm jo bis elo Gléck bruecht ze hunn.

Back to Top
CIM LOGO