Shakira, Freedefeier an 52 Spiller um TerrainEng grouss Erëffnungszeremonie fir déi gréisst WM jeemools

Jeff Birsens
Am Azteke-Stadion zu Mexiko City ass d'Futtball-WM en Donneschdeg mat enger grousser Erëffnungszeremonie lancéiert ginn.
© AFP

En Donneschdeg den Owend war am Azteke-Stadion zu Mexiko City d'Erëffnungszeremonie fir den Optakt vun der Futtball-WM 2026. Mat neierdéngs 48 Ekippen an 104 Matcher ass et déi bis elo gréisste WM an der Geschicht. Deementspriechend grouss war och de Spektakel um Terrain am Virfeld vum Optaktmatch.

Schonn eng gutt Stonn virum Ustouss ëm 21 Auer hat d'Zeremonie ugefaangen. Ënner anerem d'Shakira an den nigerianesche Sänger Burna Boy hu mam offizielle WM-Lidd "Dai Dai" fir gutt Stëmmung bei de ronn 80.000 Spectateure gesuergt. Och den J Balvin an den Andrea Bocelli waren Deel vun der grousser Show, bei där eng riseg WM-Coupe am Mëttelpunkt stoung a ronderëm déi d'Dänzerinnen an Dänzer ze gesi waren.

Back to Top
CIM LOGO