Serie Skulpturen um Kierchbierg (4)Symbios tëscht Konscht an Natur am Park vun der Coque

RTL Lëtzebuerg
An eiser Mini-Serie iwwert d’Skulpturen um Kierchbierg geet et ëm Wierker, déi am Park vun der Coque stinn a mam hirem Ëmwelt verschmëlzen.
Serie Skulpturen um Kierchbierg Deel 4
Dës Kéier geet et ëm Wierker, déi am Park vun der Coque stinn.

D’Kënschtler hu sech hei mat der Landschaft auserneegesat an hir Wierker perfekt hirem Environnement ugepasst. Bei Skulpturen am ëffentleche Raum ass et immens wichteg, datt eng Symbios tëscht der Konscht an der Natur entsteet. Sou och bei den 3 Inselen vum Marta Pan.  Eng ungaresch Kënschtlerin, déi et net gären huet, wa Skulpturen op enger fester Plaz stinn, dofir si se hei och am Waasser.

© RTL

Hannert dem Weier gesäit een nieft dem Jeannot Bewing sengem Wierk eng Skulptur vun engem anere bekannte Lëtzebuerger. De Lucien Wercollier war den éischten abstrakte Kënschtler hei zu Lëtzebuerg. Am Park steet d’Wierk „L’Africaine“ a wann ee gutt kuckt, erkennt een d'Fra, déi am Schneidersëtz um Buedem sëtzt.

© RTL

Hannendrun entdeckt een dann eng Skulptur, déi soss ëmmer beim Jean-Monnet-Gebai, dat ofgerappt gouf. D'Kopie vum Wierk "Non-Violence" vum Carl Fredrik Reuterswärd kënnt bei der Coque och vill besser zur Wierkung.

Am nächsten Deel geet et weider am Europavéierel , mam Fokus op en anere bekannte Lëtzebuerger Artist, deem seng Wierker méi politesch a sozialkritesch sinn.

Iwwerbléck vun der Serie

Serie Skulpturen um Kierchbierg - Deel 1: Tour iwwer d'Avenue John F. KennedySerie Skulpturen um Kierchbierg - Deel 2: An der Géigend vum AuchanSerie Skulpturen um Kierchbierg - Deel 3: Wierker ronderëm d'Coque

Back to Top
CIM LOGO