
Entreprisen an Individuen, déi um Bierge vum historesche Seegelschëff voll mat Gold an Diamanten interesséiert wieren, misste virop e Kontrakt mam Staat ënnerschreiwen an en detailléierten Inventar mat de Saache virleeën, déi si fonnt hunn.
De Contenu vun der “San José”, déi viru méi wéi 300 Joer ënnergaange war, léisst d’Häerz vu “Schatzjeeër” weltwäit méi héich schloen. Experte ginn dovun aus, dass op d’mannst 200 Tonne Gold, Sëlwer an Diamanten am Schëff um Grond vum Mier leien.
Déi wäertvoll Gidder sollten am Joer 1708 aus de spuenesche Kolonien a Latäinamerika un den Haff vum spuenesche Kinnek Philip V. transportéiert ginn. Ma u sengem Zil war d’"San José” ni ukomm: An der Nuecht vum 7. Juni 1708 gouf d’Schëff vun der brittescher Flott virun der Küst vum kolumbianeschen Hafen Cartagena attackéiert a goung ënner. Nëmmen eng 600 Crewmembere vun der spuenescher Galeone hunn iwwerlieft.
Déi spektakulär Entdeckung vum legendäre Schëff war vum deemolege kolumbianesche President Juan Manuel Santos Enn 2015 public gemaach. D’Käschte fir d’Biergen an enger Déift vu 600 bis 1.000 Meter schätzt d’Regierung op ronn 70 Milliounen Dollar.
De Contenu vun der “San José” gëtt vu Kolumbien als “nationale Konschtschatz” agestuuft. Deemno soll d’Wrack nom Biergen an engem Musée zu Cartagena ausgestallt ginn.
Allerdéngs erhieft och Spuenien Usproch op d’Galeone “San José” an hir Schätz, vue datt dat historescht Seegelschëff am staatleche Besëtz war. Och Bolivien hätt de Contenu gäre fir sech - mam Argument, datt et hir Virfare gewiescht wieren, déi wärend der Kolonialzäit als Zwangsaarbechter Sëlwer hu missen ofbauen.