Bei der Porte ouverte vum Stater Busservice, AVL, hat de Public d'Geleeënheet hannert d'Kulisse vum ëffentleche Busreseau vun der Stad Lëtzebuerg ze kucken. D'Visiteure konnten net nëmmen déi aktuell Infrastrukturen entdecken, mee och an d'Geschicht vum Stater ëffentlechen Transport andauchen.
Am Tramsmusée gouf gewisen, wéi sech den ëffentlechen Transport iwwer d'Joren entwéckelt huet. 1875 gouf et déi éischt ëffentlech Transportlinn an der Stad: de Päerdstram, deen tëscht der Gare an der Uewerstad gefuer ass.

D'Geschicht an d'Entwécklung vun de Gefierer gesäit een am Tramsmusée. D'Kutsch déi do steet, ass eng nogebauten. D'Tramme sinn awer déi Original, déi restauréiert goufen.
Dofir goufen d'Gefierer komplett auserneegeholl, nei verbleecht an d'Holzelementer erneiert oder ersat. Deeler déi futti ware goufen ersat, fir dass d'Léit elo duerch Geschicht vun de Gefier trëppele kënnen, erkläert de fréiere Responsabele vum Tramsmusée, Romain Rech.
Nieft den alen Tramme stoungen och d'Busser am Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt nämlech den 100. Anniversaire vun den ëffentleche Busser an der Stad gefeiert. Vun den éischten däischterbloe Gefierer bis bei déi faarweg modern Busser vun Haut huet sech vill verännert. D'Stad verfüügt haut iwwer méi wéi honnert Busser, déi all Dag am Asaz sinn. Ee groussen Deel dovunner si schonn elektresch, bis nächst Joer soll dann déi ganz Flott vun der AVL nëmmen nach Stroumbedriwwe sinn.
D’Porte ouverte huet awer och gewisen, wéi vill Aarbecht hannert dem Alldagsbetrib stécht. Op verschiddene Stänn kruten d'Visiteuren Informatiounen iwwert d'Organisatioun vum Service AVL, seng Missiounen an d'Mataarbechter, déi do schaffen. Ausserdeem konnte si d'Elektroluedstatiounen, d'Wäschanlag an aner technesch Ariichtunge besichtegen, déi fir den Ënnerhalt vun de Busser néideg sinn.
E besonneschen Highlight war fir vill Gäscht d'Méiglechkeet, en historeschen Tramswaggon net nëmmen ze bewonneren, mee och a Beweegung ze gesinn a matzefueren. De restauréierte Waggon ass fir e klenge Wee virum Tramsmusée gefuer an huet de Visiteuren e Stéck Transportgeschicht méi no bruecht.