PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Zanter 7 Joer schafft Si als Independant. Mat hiren eegene Studio an duerch den Design vu Miwwel, Aueren, Bünebiller a villem méi huet d'Produktdesignerin sech e Numm zu Lëtzebuerg an doriwwer eraus gemaach.

D'Julie Conrad schwätzt iwwert d'Wichtegkeet vum Material an der Nohaltegkeet, iwwer Ängschten am Bezuch zur Pandemie an awer och iwwert den Dram deelweis am Ausland ze schaffen.

Podpurri Episod 12: Julie Conrad

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op rtl.lu an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL

Podpurri - Mir schwätze Kultur