Podpurri - Mir schwätze KulturD'Band The Disliked

Claudia Kollwelter
PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Zanter bal 20 Joer maachen se schonn zesumme Musek. Ugefaangen als Schülerband mat Punk a Ska, sinn “The Disliked” haut fir hire Reggae an hir Live-Shows, déi ee matrappen, bekannt. De 5. November ass d’Release vun hirer neier EP “Underwater Rescue” an der Kulturfabrik zu Esch. Wat et mat där Ënnerwaasser-Welt op sech huet, wat alles fir de Concert a wat och fir d’Zukunft vun der Band geplangt ass, dat hunn de Cédric Metz an de Ben Nilles dem Claudia Kollwelter am Gudde Wëllen verroden.

Zanter bal 20 Joer maachen se schonn zesumme Musek.

Ticketen fir d’Release an der KufaPodpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL Podcasts abonnéieren

Back to Top
CIM LOGO