Vill Stress, wéineg WaasserHéichsaison fir d'Wëlldéierestatioun

Annick Goerens
Déi héich Temperature setzen net nëmmen de Mënschen zou, mee och de Wëll- an Hausdéieren, wouduerch d'Wëlldéierestatioun an d'Déierenasyl aktuell besonnesch gefuerdert sinn.

D'Canicule setzt aktuell net nëmmen de Mënschen zou, mee och den Déieren. Mat Temperature vu bis zu 40 Grad Enn dëser Woch ass et fir eis Kolleegen op véier Patten net einfach – an dat net just am Déierenasyl, mee och an der Wëlldéierestatioun.

Aktuell ass do nämlech Héichsaison, wéi den Administrativen Direkter Georg Xander erkläert:

A konkreten Zuelen ausgedréckt hëlt d'Wëlldéierestatioun tëscht Abrëll an Enn August ronn 800 bis 900 Déieren op. Déi meescht dovunner si Villercher, déi ongeféier 75 Prozent vun allen Opname representéieren. Donieft maachen d'Säugetiere ronn 23 Prozent aus, wärend de Rescht op Reptilien entfält.

Jonk Villercher sprangen duerch d'Hëtzt aus dem Nascht

All d'Déiere géingen ënnert der Hëtzt leiden, mee besonnesch d'Villercher si concernéiert. Eleng wärend enger Stonn Visitt an der Statioun goufen dräi kleng Villercher laanscht bruecht.

Grad fir jonk Villercher kann dëst eng geféierlech Situatioun ginn, sou de Georg Xander:

Bei Brut-Villercher ënnert dem Daach kënnt et vir, datt si bei ze grousser Hëtzt hir Näschter verloossen. Doduerch entsteet natierlech méi Handlungsbedarf. Virun allem jonk Villercher hunn et schwéier, wa se nach net richteg fléie kënnen, fir am Nascht ze bleiwe bei dëser Hëtzt. An d'Kuerzschlussreaktioun ass dann natierlech d'Nascht ze verloossen. Doduerch fënnt ee vill Déieren am Bësch oder och laanscht Stroossen erëm.

Wëll Déieren net direkt mathuelen

Net ëmmer ass awer en Agräife vum Mënsch néideg, wéi de Georg Xander erkläert:

Oppassen! Weg. kuckt Iech ëmmer d'Déier genee un. Wéi ass den Zoustand vum Déier? Huet et scho vill Fiederen? Well da kann et ganz gutt sinn, datt et um Buedem op seng Eltere waart. Dat ass bei ville Villercher de Fall: si ginn um Buedem weider gefiddert, nodeems se fir d'éischte Kéier aus dem Nascht eraus gesprong sinn.

De Responsabele vun der Wëlldéierestatioun recommandéiert, virun allem no engem méigleche Nascht an der Géigend ze sichen an net direkt all Déier matzehuelen.

Falls d'Déier awer blesséiert ass, soll een et natierlech mathuelen an och net zécken, et am Drop-Off ze deposéieren. Och wann een do vläicht e schlecht Gefill hätt, well een d'Déier net wéilt eleng loossen – Drop-Off Statioune wieren awer dofir do.

Eng aner Hëllef, déi jiddweree leeschte kann, ass frëscht Waasser bereetzestellen an d'Waasser reegelméisseg ze wiesselen.

Am Déierenasyl spiert een d'Hëtzt och

Am Déierenasyl uewendriwwer sinn aktuell 20 Kazen an aacht Muppen, déi och gutt preparéiert ginn op déi héich Temperaturen.

De Raphael Erpelding erkläert:

T'ass net nëmmen d'Déieren, déi mir preparéieren, mee och eis Aarbechter. Déi dierfen eng Stonn méi fréi ufänken. Wat fir d'Aarbechter gutt ass, mee och fir d'Déieren, well mer sou d'Gebai moies kënne lëften. Mir hu Bassengen hei, mir hu Glace virbereet a mussen oppasse mat konsequent lëften an net lëften.

D'Hëtzt bleift eng grouss Belaaschtung fir d'Wëlldéieren, mee och fir d'Hausdéieren. Et gëllt also, wat och fir de Mënsch gëllt: Beweegung, virun allem moies oder owes a ganz vill drénken, also vill Waasser bereetstellen, fir dass och eis Kolleegen op véier Patten oder mat Flilleke gutt duerch d'Hëtzt kommen.

Back to Top
CIM LOGO