War wochelaang veriertBëbee-Séihond bei Bréissel aus engem Kanal gefëscht a gerett

RTL Lëtzebuerg
Wochelaang ass déi kleng Robb am Bréissel-Scheldt-Maritim-Kanal ronderëm geiert. Elo ass se zu Vilvoorde am Norde vun der belscher Haaptstad aus dem Waasser gefëscht ginn.
Bëbee-Séihond bei Bréissel aus engem Kanal gefëscht a gerett
Wochelaang war déi kleng Robb am Bréissel-Scheldt-Maritim-Kanal ronderëmgeriert, ier se elo gerett gouf.

Wéi et ënner anerem bei "VRT News" heescht, ass d'Déier scho viru ronn dräi Wochen zu Kapelle-op-den-Bos am flamänneschen Deel vum Land gesi ginn. Dacks fanne Robben no enger Zäit vum selwen de Wee nees zeréck un d'Küst, ma dëse klenge Séihond huet sech ëmmer weider an d'Zentrum vum Land veriert.

D'Robb gëtt op ronn zwee Méint geschat an ass wuel vun hiren Eltere getrennt ginn. Wéi et schéngt, ass d'Déier och scho vu Mënsche gestéiert ginn, wéi et vun der belscher Küst d'Rees duerch de Bréissel-Scheldt-Maritim-Kanal a Richtung Bréissel gemaach huet.

E Samschdeg ass d'Bëbee-Robb am "Waterski Paradise" zu Vilvoorde just nërdlech vu Bréissel opgedaucht an Hëllefer hunn d'Chance direkt genotzt. Mataarbechter vum "Waterski Paradise" hunn d'Déier fir ronn 5 Stonnen net aus den Ae gelooss a Fräiwëlleger hunn déi männlech Robb schliisslech agesammelt. D'Déier war liicht féiwereg an e bëssen ënnererniert. D'Zil ass elo, d'Robb am Sea Life zu Blankenberg nees opzepäppelen a se dann iergendwann nees zeréck an d'Nordséi ze setzen.

Back to Top
CIM LOGO