
Déi 37 Joer al Verdächteg hat d'Déier an eng Poubelle bei engem Véierersëtz gedruddelt, dobäi louch d'Schlaang an enger Plastikstut, déi mat engem Knuet zougemaach gouf. En Zuchbegleeder hat si dobäi observéiert an d'Police geruff. Wéi d'Poubelle kontrolléiert gouf, hunn d'Beamten d'Schlaang tëscht Offallreschter entdeckt. Déi presuméiert Besëtzerin gouf e puer Waggone weider ugetraf. Géigeniwwer den Dortmunder Beamte sot si, si hätt d'Déier wéilten no engem Joer lassginn, well et hir "ze langweileg an deier" gi wier. Hire Plang wier et gewiescht, esou ze maache wéi wa si d'Schlaang an der Poubelle fonnt hätt, fir se dann dem Zuchpersonal z'iwwerginn.
D'Fra gouf vun der Police goe gelooss, géint si gëtt elo awer wéinst Verstouss géint d'Déiereschutzgesetz ermëttelt. D'Schlaang, eng sougenannt "Pantherophis guttatus", ass ongëfteg a gouf de Pompjeeë vu Bochum iwwerginn.