Méi kleng wéi eng HauskazNei wëll Kazenaart a Bolivien entdeckt

Samantha Weber
Iwwer 10 Joer laang war si fälschlecherweis fir eng aner Aart gehale ginn, elo hu Fuerscher de Beweis, datt si eng nei wëll Kazenaart fonnt hunn.

Fir déi éischte Kéier zanter engem Joerhonnert hu Fuerscher a Bolivien eng nei wëll Kazenaart entdeckt. Mat knapp 46 Zentimeter an 1,4 Kilo ass si méi kleng wéi eng gewéinlech Hauskaz. Vill méi ass bis ewell net iwwer d’Biologie vum "Leopardus tilcayo" bekannt.

Virun 10 Joer war d’Kaz bei engem Déiereschutz ofgi ginn. E Mann aus der Regioun hat d'Déier, wéi se kleng war, op enger Strooss fonnt a mat heem geholl, well hie gemengt huet, et wier eng Hauskaz. No engem Joer wier him bewosst ginn, datt d’Déier besser an engem Schutzgebitt wier. Doropshi koum d’Kaz an d’Wëlldéierereservat Senda Verde.

Nei wëll Kazenaart a Bolivien entdeckt
Iwwer 10 Joer laang war si fälschlecherweis fir eng aner Aart gehale ginn, elo hu Fuerscher de Beweis, datt si eng nei wëll Kazenaart fonnt hunn.

D'Fuerscherin a Grënnerin vum Bolivian Felids Research Program Paola Nogales-Ascarrunz vum Reservat war direkt faszinéiert vum Déier. D'Kaz hat e klengt Gesiicht, kuerz, ronn Oueren a laang Schnurrhoer. Fir sech d'Déier unzekucken, huet si sech op de Wee an d'Reservat gemaach. Ufanks ass d'Fuerscherin dovun ausgaangen, datt d'Kaz zu der Aart "Leopardus tigrinus" gehéiere géing. 2019 ass hir dunn awer beim Zesummestelle vun enger Broschür iwwer d'Kazenaarten a Bolivien opgefall, datt dësen Exemplaire net zu de Charakteristike vum "Leopardus tigrinus" passt.

Et sollt awer nach e puer Joer daueren, bis d'Nogales-Ascarrunz hir Kenntnisser an der geneetescher Analys esou wäit ausgebaut hat, datt si de Genom vun der Kaz zouverlässeg analyséiere kéint. Zesumme mat engem Genetiker aus Brasilien an engem Fuerscher aus Antwerpen ass et der Nogales-Ascarrunz gelongen, déi eege Plaz vum Déier am Stammbam vun de Kazen ze bestëmmen.

An hirer Etüd hunn déi dräi Fuerscher proposéiert, d'Kaz "Leopardus tilcayo" ze nennen - nom Numm, ënnert deem d'Leit op der Plaz si kennen. Bis ewell kéinten d'Fuerscher nëmme soen, datt d'Aart am bolivianesche Yungas-Bësch virkënnt, enger Regioun am Oste vun den Anden. Wat dës Kazenaart eigentlech frësst oder vu wéi engen Déiere si gefriess gëtt, wéi si sech fortplanzt a vill aner Aspekter vun hirem Alldag ginn elo erfuerscht.

E puer Deeg no der Annonce vun der neier Kazenaart goufen dem Public éischt Biller aus dem Wëlldéierereservat gewisen.

Back to Top
CIM LOGO