Veterinärin gëtt Tipps bei HëtztOch de Muppen a Kazen ass et waarm

Pierre Weimerskirch
Déi waarm Temperature maachen net nëmmen de Mënschen ze schafen, och d'Déiere musse sech duerch déi waarm Deeg kämpfen, esou d'Veterinärin Michèle Braconnier am Interview.
Eng Ofkillung um spéiden Owend fir de Mupp.
Eng Ofkillung um spéiden Owend fir de Mupp.
© THOMAS WARNACK/dpa Picture-Alliance via AFP

Dass och d'Déieren et net einfach hunn, weise verschidde Reaktiounen déi mir vu User kruten, déi no Tipps gefrot hunn, wéi och d'Déieren duerch déi waarm Deeg kommen.
D'Michèle Braconnier ass Déierendoktesch an der Klinik zu Beetebuerg. Schonn déi lescht Nuecht hätt een zwee Fäll parallel gehat, bei deenen et Muppen ze waarm ginn ass.

"Deen een ass um 11 Auer komm an deen aneren um 2 Auer an der Nuecht. Och an der Nuecht bleift et leider waarm. Dat heescht och trotzdeem, wann ee mam Déier rausgeet, och do oppassen."

D'Michèle Braconnier schafft zu Beetebuerg an der Déiereklinik.
D'Michèle Braconnier schafft zu Beetebuerg an der Déiereklinik.
© Deiereklinik Krakelshaff

Schiet a genuch Waasser

Wann een Déieren Doheem huet, soll ee kucken, dass déi genuch Waasser zur Verfügung hunn ,an dass ee se net an der praller Hëtz erausléisst.

"Ganz wichteg ass, genuch Waasser zur Verfügung ze stellen,am beschten och op e puer Plazen am Haus, soudass d'Déier eigentlech zu all Moment Accès dozou huet."

D'Hënn a Kaze géifen am Haus déi kill Plaze siche goen, gären op Plättercher, wou et schéi kill ass.

"Et kann een zousätzlech mat Killmatte schaffen oder Waasserbecken dohinner maachen, dass den Hond dra plansche kann."

Eng Alternativ wieren naass Handdicher, dës dierft een awer net op den Hond dropleeën, soss kann et zu Hëtzestau kommen.

Buedem mat der Hand fillen, éier ee mam Hond erausgeet

Wann ee mam Hond trëppele geet, wier et wichteg, och de Bëton, de Sand oder d'Steng ëmmer fir d'éischt mat der Hand ze testen, wann een déi net méi wéi fënnef Sekonne kann um Buedem halen, dann ass et ze waarm, esou d'Déierendoktesch. Et muss een och net laang Tier mam Hond maachen. Am Haus kéint ee mat den Déiere spillen, dass se midd ginn.

"Ech menge bei deenen Temperaturen ass den Hond och elo net esou frou, fir do mussen nach zwee, dräi Kilometer ze trëppelen oder souguer nach méi laang."

Wat si Warnzeechen?

D'Schläimhaut am Mond wier e gudden Indicateur. Wann déi vun engem Moment op deen anere wäiss oder roudelzeg ginn, wier dat en Unzeeche fir e Schockzoustand. Dat nämmlecht gëllt fir extreemt hechelen, souwuel bei Kazen, wéi och bei Hënn. En anert Symptom wier, wann d'Déier onroueg ass, ufänkt wierklech ze taumelen, net méi riicht ka goen, schwaach
wierkt, sech iwwergëtt och e puermol hannerteneen. Am schlëmmste Fall kënne Krämp oder Bewosstlosegkeet optrieden, spéitstens da sollt ee bei de Veterinär.

Wou kritt een um Feierdag hëllef?

Wann de Verdacht vun engem Hëtzschlag opkënnt, sollt een d'Déier direkt aus der Sonn huelen et eng kill Plaz bréngen a wotlecht Waasser bereetstellen.

"Net äiskaalt Waasser, dat kann zousätzlech nach méi d'Saach verschlëmmeren, well dat dann ze vill fir de Kierper ass."

Am Noutfall sollt een dann och direkt eng vun den zwou Klinicke kontaktéieren, Beetebuerg a Bäreldeng wieren och um Feierdag op. Soss an der Grenzregioun kéint een op Diddenuewen, Léck oder Tréier goen.

Et gëtt och e Veterinär deen Déngscht huet. Do fënnt ee weider Informatiounen ënner amvl.lu.

Wann een an d'Déiereklinik fiert, sollt een iwwerdeems virdrun uruffen.

Back to Top
CIM LOGO