
Wéi all Joer huet an Alaska eng vun de spannendste Walen ugefaangen: Internetuser op der ganzer Welt kënnen zanter en Dënschdeg wärend der "Fat Bear Week" doriwwer ofstëmmen, wéi ee Bier an Alaska sech am meeschte voll gefriess huet an domat optimal op de Wanterschlof virbereet ass. Iwwer Livestream kann een de Bieren nokucken, wéi si sech am Katmai-Nationalpark de Bauch mat Saumon vollschloen.
Donieft bitt d'Parkverwaltung Biografië vun de Participanten un. Fotoe vu virdrun an dono weisen, wéi vill Fett d'Déiere wärend dem Summer ugesat hunn an op Videoen op Youtube ginn Opname vun de Bieren iwwer d'Joer gewisen. "Stëmmt of, wéi ee Bier d'Fett-Sinn an de Succès bei Brongbieren am beschte verkierpert!", ruffen d'Organisateuren d'Wieler op. "Nëmmen ee gëtt zum Fat-Bear-Champion gekréint!"
Zejoert hat de Bier mam Spëtznumm "Chunk" d'Cours gewonnen an déi zweemoleg Gewënnerin Grazer an engem haarde Konkurrenzkampf geschloen. Mat Spannung gëtt erwaart, ob hie säin Titel verdeedege kann. De Gewënner vum Concours gëtt nächsten Dënschdeg annoncéiert.
Den Online-Concours gouf 2014 déi éischter Kéier organiséiert, deemools mat e puer Dausend Wieler. Antëscht huet sech d'"Fat Bear Week" bei de Fans zu enge mat Spannung erwaarter Wal entwéckelt. All Joer stëmme méi wéi 1 Millioun User of. Zil vun den Organisateuren ass et, d'Bewosstsi fir Brongbieren an hire Liewensraum an Alaska ze fërderen.
Alaska-Brongbiere kënnen all Dag bis zu 45 Kilo Saumon friessen. Am Summer an am fréien Hierscht musse si sech op hire Wanterschlof, deen e puer Méint dauernd, preparéieren.