All Joer ginn zu London am Zoo d’Déiere gewien. Et hëlleft de Wiechter a Veterinären, d’Entwécklung an d’Gesondheet z’iwwerwaachen, an an engems kann och festgestallt ginn, ob en Déier vläicht Nowuess erwaart. Verschiddener kennen d'Prozedur schonn a wësse genee, wat ze maachen ass.
Dobäi hunn déi Responsabel mat ganz ënnerschiddleche Gewiichtsklassen ze dinn. Dat ka vun engem Schleek, dee just e Gramm weit, bis bei Kaméiler oder Giraffe goen, déi no u 700 Kilogramm erukommen. All d'Resultater ginn an den Zoological Information Management System ZIMS agedroen, eng global Datebank, an där mat aneren Zooen an Déiereschützer wichteg Donnéeë matenaner verglach an analyséiert ginn.
D’Déiere ginn dobäi net op déi jeeweileg Woe gezwongen. D’Bedreiwer versichen, d’Moossinstrumenter sou clever wéi méiglech ze placéieren, fir aktuell Resultater ze kréien. Heiansdo brauch et mol e klenge Snack, fir d'Déieren ze motivéieren. Verschiddener kënnen dann an engems och nach ënnersicht a geimpft ginn. Well d'Weien awer e gudde Batz Zäit kascht, kënne just ronn 400 vun den am Ganze méi wéi 14.000 Déieren, déi am Londoner Zoo doheem sinn, gewie ginn.