Am Replay op RTL PLAYAnne's Retro Kitchen - Episod 7: Der Maischi Tibesart hire Kachkéisgratin

RTL Lëtzebuerg
Aus dem RTL-Archiv zeréck an d'Kichen - legendär Rezepter aus den 90er Joren. Déi Kéier mécht d’Anne Faber der Maischi Tibesart hire Kachkéisgratin vun 2002 no.
© © Anne Faber

Gratin à la Luxembourgeoise

Fir 6 Persounen

2kg festkachend Gromperen

20g Gänsefett

500ml Mëllech

15g Botter

1 Strull Kachkéis (250g)

1 Eegiel

100g Speckgréiwen

150ml Rahm

50g Schwäizerkéis

Salz, Peffer, Muskatnoss

© Anne Faber

Esou geet et:

D’Grompere schielen an an dënn Schéiwe vun 3mm schneiden. An en Dëppen zesumme mat der Mëllech ginn. Mat Salz, Peffer, an e bëssi Muskatnoss wierzen, an dat Ganzt fir 5 Minutte kache loossen.

Währen där Zäit de Botter an enger klenger Casserole schmëlzen. De Kachkéis mat 50ml Waasser dobäi ginn an dat Ganzt op klenger Hëtzt schmëlze loossen. Zum Schluss d’Eegiel ënnermëschen.

D’Gréiwe mat e bessi Gänsefett ubroden, bis se ufänken, Faarf ze kréien.

De Schäffchen op 180°C Umluft erhëtzen. Eng Gratinsform mat Gänsefett besträichen.

D’Hallschent vun de Grompere mat der Mëllech an d’Form ginn, dann d'Hallschent vun der Ram driwwerschëdden an d’Hallschent vum gerappte Kéis drop verdeelen. De Kachkéis driwwerschëdden a mam Rescht Gromperen, Ram a Kéis bedecken. D’Gréiwen iwwert de Grompere verdeelen.

De Gratin 50 Minutten am Schäffche baken – dobäi en A drop halen an de Gratin mat Alufolie ofdecken, wann d’Gréiwen ze donkel ginn.

Mat enger Zalot zerwéieren.

Maischi Tibesart – Gratin à la Luxembourgeoise
D'Anne recréeeirt dem Maischi Tibesart säin Kachkéisgratin aus dem Joer 2002

Back to Top
CIM LOGO