Anne's Retro KitchenDem Alex Bodry säin Tiramisu

RTL Lëtzebuerg
Aus dem RTL-Archiv zeréck an d'Kichen - Legendär Rezepter aus den 90er Joren
© © Anne Faber

Wat war an den 90er Joren Trend a wat misst eventuell e klengen Update kréien? A senger eegener Kiche kacht d'Anne déi klassesch Platen no an erfënnt se deels nei.

1998 huet den Alex Bodry „Beim Kichechef“ en Tiramisu preparéiert.

D'Anne rekreéiert am 3. Episod dem Alex Bodry säin Dessert, deen hien den 2. Januar 1988 dem Max Kuborn zerwéiert hat.

Alex Bodry – Tiramisu
D'Anne mecht dem Alex Bodry säin klasseschen Dessert aus dem Joer 1998

Kuckt hei d'Sendung mam Tony Tintinger aus dem Joer 1994

1998 huet den Alex Bodry „Beim Kichechef“ eng Tiramisu preparéiert.
Den 2. Januar 1998 huet den Alex Bodry dem Max Kuborn „Beim Kichechef“ eng Tiramisu zerwéiert.

Rezept fir Nozekachen

Tiramisu

E Rezept vum Alex Bodry

Fir 8 Persounen

4 Eeër
500g Mascarpone
100g Zocker
250ml staarke Kaffi
150ml Amaretto
200g Boudoir Kichelcher
Kakao
Eng Poutz Salz

D'Eeër trennen an d'Eewäiss mat enger Poutz Salz zu Schnéi schloen.

D'Eegiel mam Zocker schaumeg schloen.

D'Mascarpone bei d'Eegiel dobäiginn a glat vermëschen.

Den Eeschnéi ënnerhiewen, bis eng glat a locker Masse entsteet.

De Kaffi an en déiwen Teller schëdden (an den Amaretto derbäi ginn wann ee wëll), an da genuch Kichelcher dranzappen fir eng Schicht an enger Gratins-Form ze fëllen. D'Schicht Kichelcher mat enger Schicht Mascarponecrème bedecken, dann eng weider Schicht getränkten Kichelcher dropleeën. Sou weiderfueren, fir am Ganzen 3 Schichten Kichelcher an 3 Schichten Crème ze hunn.

Fir e puer Stonnen an de Frigo stellen. Virum zerwéiere mat Kakaopolver bestreeën.

© © Anne Faber

Back to Top
CIM LOGO