Déi gebierteg Chinesin wunnt mat hirem Mann zanter 3 Joer an der Gemeng Stroossen a wéi déi en Opruff gestart hunn, fir e Budget participativ vu 25.000 Euro ze verginn, huet si sech spontan mat dëser Iddi gemellt. Lo gläich ass d'Buch fäerdeg geprint a gëtt offiziell fir Mammendag virgestallt.
D'Gemeng Stroossen hat Ufank 2025 eng Initiativ an d'Liewe geruff, wou Awunner sech kéinte mellen, fir e Projet virzestellen, deen eppes fir d'Communautéit mécht a wou ee fir d'Ëmsetzung 25.000 Euro zur Verfügung gestallt kritt. An duerch hire klenge Bouf, deen zu deem Zäitpunkt 2 Joer al war, koum hir d'Iddi, fir beim Budget participativ matzemaachen.
"Ech géif elo net soen, dass hie glott ass, mee et ass fir mech einfach eng Aufgab mat där ech all Dag ze kämpfen hunn. Ëmmer déi Fro: Wat soll ech him kachen? An dat just fir d‘Owesiessen, mee heiansdo kënnt och nach Mëttes dobäi. Iergendwann ass mir näischt Neits méi agefall. An du sot ech mir, ech sinn dach bestëmmt net déi eenzeg Mamm, där et esou geet. A sou wollt ech e Wee fannen, fir erauszefannen, wat aner Mamme kachen."
Duerch d'Hëllef vun enger Frëndin an de soziale Medien hu si no an no genuch Leit zesumme kritt. Eng ronn 50 Rezepter sinn am Buch vertrueden. All vu Familljen, déi an der Gemeng wunnen. An nieft dem Buch, wollt d'Victoria awer och online present sinn.
"An du sot ech mir, vläicht wier et och nach gutt, wann ee géing weisen, wéi een d'Rezepter kacht. Et op Pabeier ze gesinn, ass déi eng Saach, mee et visuell ze gesinn, ass nach eng ganz aner. An da gesäit een op de soziale Medie sécherlech Millioune vu Platen, déi gekacht ginn. Mee sou dacks, duecht ech mir dann: dat gesäit zwar gutt aus, mee dat kréien ech net hin. An dofir wollt ech gären eppes Authentesches maachen."
Bei 10 Famille war si schonn Doheem mat hirem Kamerateam. 10 weider sollen elo nach kommen.