
E Méindeg steet zu Antwerpen d'Zeremonie vum Guide Michelin fir d'Belsch a Lëtzebuerg um Programm. Besonnesch spannend dierft et fir de Kim de Dood aus dem Restaurant "Le Lys" an de Milan Brée aus dem Restaurant "La Cristallerie" ginn: Béid Restauranten aus der Stad Lëtzebuerg sinn dëst Joer nei an déi offiziell Auswiel vum Guide opgeholl ginn.
Dat ass zwar schonn eng wichteg Unerkennung, mee et mécht och d'Dier op, fir nach méi grouss Ambitiounen – e Michelin-Stär.
Am Guide Michelin gëtt et awer keng Garantien. Wärend déi eng op hir éischt Stären hoffen, musse sech anerer och Suerge maachen, eventuell een ze verléieren. Dat huet d'Lëtzebuerger Gastronomie scho méi wéi eng Kéier erlieft, fir d'lescht 2022, wéi "La Cristallerie", "Clairefontaine" a "Jardins d'Anaïs" e Stär verluer hunn.
De Kim de Dood vum Le Lys mécht kee Geheimnis aus sengen Ambitiounen. "Ech ginn op Antwerpen an hoffen, dass eppes erauskënnt", sou de Chefkach. "Wann een invitéiert gëtt, da seet ee sech ëmmer, 'vläicht ginn ech jo belount'."
Zanter der Ouverture vum Restaurant am Summer 2025 schafft hien u sengem Zil, e Stär ze kréien. "Éierlech gesot, ech mengen, mir hunn et verdéngt", sou de Kach, dee sech net nëmmen op dat berifft, wat d'Cliente soen, mee och op de Verglach mat anere Restauranten, déi scho belount goufen.
E Stär géif dem Restaurant awer méi bréngen, wéi just déi perséinlech Auszeechnung, et wier och eng Fro vum Marketing. "E Stär zielt international a bedeit vill fir d'Renommée."
Keng Online-Bewäertung kéint domadder mathalen, esou de Kach mat engem Laachen: "Et ass flott, 4.9 op Tripadvisor ze hunn, mee e Stär gëtt dem Restaurant direkt eng ganz nei Dimensioun."
Dëse Wonsch bréngt awer och Drock mat sech – net nëmme fir hien, mee och fir d'Ekipp an d'Direktioun: "All Mënsch wëll déi selwecht Richtung goen, mir wëllen all no de Stäre gräifen."
Entscheedend dofir wier, wéi reegelméisseg déi héich Qualitéit och um Dësch vun de Clienten ukënnt: "D'Konstanz mécht den Ënnerscheed. Wann alles op héijem Niveau ass an een déi Qualitéit bei all Visitt kritt, dat mécht den Ënnerscheed."
Sollt de Stär net kommen, wier een natierlech enttäuscht: "Am Ufank géing et mir schwéier falen, mee da geet et nees vun Null u lass an d'nächst Joer gi mir et nach besser un."
Beim Milan Brée an der "Cristallerie" ass den Toun e bësse méi zréckhalend. Eleng d'Invitatioun op Antwerpen gesäit hien als grouss Éier: "Ech sinn immens frou, dass ech invitéiert gouf, et ass déi éischte Kéier als Chef. Virdrunner waren et ëmmer meng Cheffen, déi dohi gaange sinn, an ech a meng Ekipp hunn aus der Kichen op YouTube nogekuckt – elo sinn ech selwer dobäi."
"La Cristallerie" huet an de leschte Méint eng nei Etapp agelaut. Virun engem Joer war de Restaurant komplett aus dem Guide erausgefall, elo ass en nees dobäi. "Eis war eppes ëmmer kloer, mir wollten op d'mannst, datt de Michelin eis gesäit", erkläert de Milan Brée.
Ob e Stär realistesch ass? "Dat wier natierlech eppes Besonnesches, e richtegen Ofschloss fir mech an d'Ekipp. Ob meng Kichen e Stär verdéngt, weess ech net, ech kachen esou, wéi ech et gär maachen. De Feedback vun de Clienten ass immens gutt, mee wat sech an de Käpp vun den Inspekteren ofspillt, dat kann ech net soen."
Fir hie sti kloer de Produit an d'Technik am Mëttelpunkt: "Et mussen net ëmmer nobel Produite sinn – och aus Zelleri kann een eng super Entrée maachen. Et ass do, wou een den Ënnerscheed mécht."
Sollt et dëse Méindeg net klappen? "Ech maache sou weider, wéi zanter engem Joer a kucken, wéi mir eis verbessere kënnen. D'Invitatioun ass fir mech scho vill wäert – ech sinn 33 Joer al, a menger éischter Chef-Positioun, a mir si grad emol ee Joer op."
D'Beispill vum Archibald De Prince mat sengem Restaurant zu Iechternach weist op alle Fall: et kann och séier goen. Hien hat schonn e puer Méint no der Ouverture e Stär kritt – dat mécht natierlech Hoffnung, mee d'Erwaardunge bleiwe realistesch.
Am Endeffekt ginn de Kim de Dood an de Milan Brée mat ënnerschiddleche Gefiller an d'Zeremonie. Béid wëssen awer, datt si elo um Radar vum Guide Michelin sinn.
E Méindeg de Mëtteg géint 12:30 Auer wäert zu Antwerpen dann d'Urteel falen. Zu Lëtzebuerg hoffen déi eng op eng nei Auszeechnung, anerer maache sech eventuell éischter Suergen.
Fir "Le Lys" a "La Cristallerie" geet egal wéi d'Waarden op en Enn.