
Déi kleng, donkel Knospen, déi ee bal an all Kichen fënnt, richen intensiv, e bëssen no Chrëschtdag, e bëssen no Wäermt an no wäit ewech. Dobäi komme se ursprénglech vun enger klenger Inselgrupp an Indonesien. Gewonne gi se vum Neelchesbam. Si gesinn aus wéi e klengen Nol mat engem Käppchen uewen. Dohier och den Numm. De Spëtzekach Pit Wanderscheid:
Dat ass natierlech e super Gewierz, ee vu menge Liblingsgewierzer, et erënnert mech och u meng Kandheet, bei eis ass vill domat gekacht ginn. Et ass eng ganz kleng Bléi, déi gepléckt gëtt, iert se opgeet, da gëtt se gedréchent an intensivéiert hire Goût. Et kritt een d’Neelcheskäpp gemuel ze kafen, et kritt ee se awer och am Ganzen, esou wéi déi meescht se doheem am Kicheschaf stoen hunn. Esou ass den Neelcheskapp dann och ze benotzen, einfach am Ganzen derbäi ginn, awer opgepasst, den Neelcheskapp kann e super Gewierz sinn, deen all Plat completéiert, ma ze héich doséiert, schmaacht alles séier no Neelcheskapp an dat ass och net ideal. Déi richteg Doséierung ass hei d’Geheimnis.
Indonesien, Madagaskar an Tansania sinn haut déi gréisst Ubaulänner. A ville Kulture sinn Neelcheskäpp méi wéi just e Gewierz. Am Mëttelalter waren se esou wäertvoll, datt Händler se iwwer wäit Séiweeër transportéiert hunn. De markante Goût kënnt virun allem vun engem äthereschen Ueleg: Eugenol. Dat ass och de Grond, firwat Neelcheskäpp fréier géint Zännwéi benotzt goufen.
Esou en Neelcheskapp besteet zu 15 - 20% aus Eugenol an effektiv ass dat betäubend. Dat heescht, fréier hu mer gesot, wann d’Zänn wéi dinn, bäiss op en Neelcheskapp. Haut gi mer éischter bei den Zänndokter, mee fréier ass dat effektiv als Mëttel geholl ginn, fir ze déiden.
Och haut nach ginn Neelcheskäpp virun allem wéinst hirem Aroma geschat. Eng eenzeg Knosp kann e ganze Plat parfüméieren. An der Lëtzebuerger Kichen kennt ee se zum Beispill am Glühwäin, oder an der Choucroute.
Jo an der Choucroute an dann huet e seng Plaz natierlech an alle Fonge wou een e ka mat dra ginn. Dann hu mer Ragout, wou een e ka mat dra maachen. An dann ass et natierlech esou, dass et ee vun de 5 Spices vun der asiatescher Kichen ass, dat heescht, mir kennen déi chineesesch Kichen, mir kennen hir 5 Spices, et ass esou bësse bei hinnen den Allrounder, si notzen en allerdéngs an der gemuelener Form.
Wéi bei ville Gewierzer gëllt och hei: wéineg ass méi. Ze vill Neelcheskäpp dominéiere séier e Plat. A genee dat mécht se sou spannend an der Kichen: richteg doséiert, gi se engem Plat Déift a Wäermt, bal wéi eng aromatesch Ënnerschrëft.