De KloertextLogement: Noutstand zu Lëtzebuerg?

Caroline Mart
D’Regierung muss offiziell d'Kris am Logement deklaréieren, sou d’Fuerderung vun enger Plattform, déi sech virop géint Aarmut asetzt, mee kloer seet, dass de Problem wäit doriwwer erausgeet.
© Nelson Cheung

“Mäin Dram ass geplatzt, ech wäert mir ni en eegent Heem leeschte kënnen”, “ech si ruinéiert a weess net, wéi et weidergeet": Zwou Aussoen no onsem Opruff, sech ze melle bei Problemer beim Bau, Kaf oder Locatioun, de Feedback war immens verzweiwelt, Temoignagë keng Eenzelfäll.

D’Logementskris spëtzt sech zou, zitt ëmmer méi wäit Kreesser, trëfft Bierger an d’Ekonomie, et gëtt net nëmmen net genuch, et gëtt bal guer net méi gebaut an d’Vertrauen ass grad sou kleng.

Wat sinn d’Ursaachen, wat Léisungen, wourop muss een oppassen, fir dass e Bauprojet kee Cauchemar gëtt?


Eis Invitéen:

Diane Heirend

Architektin an Urbanistin

© Nelson Cheung

Gilles Hempel

Direkter Fondatioun Accès au Logement

Coordinateur FEDAS-Plattform Logement

© Nelson Cheung

Joël Schons

President FIEC Housing WG

Federatioun vun der europäescher Bauindustrie

Entrepreneur

© Nelson Cheung

Mario Di Stefano

Affekot, spezialiséiert op Immobilierecht

© Nelson Cheung

Back to Top
CIM LOGO